Schinopsis lorentzii
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Schinopsis lorentzii | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Roude Quebracho |
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Schinopsis lorentzii Engl. |
|||||||||||||||||
De Quebracho (Schinopsis lorentzii) ass e Bam aus dem subtropesche Südamerika. E gëtt och nach roude Quebracho oder Quebracho colorado genannt, fir e vun anere Quebrachobeem mat haardem Holz z'ënnerscheeden.
De Quebracho, deen zu der Famill vun den Anacardiaceae gehéiert, wiisst am Gran Chaco an Argentinien, am Paraguay an a Bolivien.
De Quabracho ass ekonomesch wäertvoll wéinst sengem haarden a resistentem Holz an och wéinst dem héijen Tanningehalt (iwwer 30%) vu senger Lou.
Den Numm kënnt mat grousser Wahrscheinlechkeet aus dem spuenesche quiebrahacha, Axtebriecher, well säin Holz sou haart ass.
Extrakte vun senger Lou ginn och an der Medezin ugewannt, haaptsächlech fir Asthmamedikamenter.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Anacardiaceae – Biller, Videoen oder Audiodateien |