Schintoismus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
ReligionSymbol.svg Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schinto Priisteren

De Schintoismus (japanesch 神道, iwwersat: "Wee vun de Gëtter") - och Shintō, ass eng Relioun, déi bal exklusiv a Japan praktizéiert gëtt.

De Schintoismus ass net einfach ze beschreiwen, well en eng grouss Diversitéit vu regional verschiddene Kulten an iwwerliwwerte Glawensformen aschléisst. De Shinto ass a Japan zesumme mam Buddhismus déi gréisst Reliounsgemeinschaft. Shinto besteet aus enger Usammlung vu ville reliéise Kulten a Glawensformen, déi sech un den eenheemesche Gottheeten (Kami) orientéieren. D'Kami sinn zueleméisseg onbegrenzt a kënnen d'Form vu Mënschen, Déieren, Géigestänn oder abstrakte Wiesen hunn. Shinto gëllt dofir och als eng polytheistesch, animistesch oder och theophanistesch Relioun.

Gebaier oder Veréierungsplaze vum Shinto gi Shintoschräiner genannt. Un der Spëtzt vun der Schräinhierarchie steet en Ise-Schräin, wou d'Sonnegottheet Amaterasu veréiert gëtt, déi gläichzäiteg als Virfahrin vum japanesche Keeser, dem Tenno, gëllt.

[änneren] Lëscht vu wichtege Gëtter

Commons: Schintoismus – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen