Schisma

Vu Wikipedia

Den Ausdrock Schisma (v. griich.: σχισμα, (v. σχιζω, "ofsplécken"), Trennung; Plural: Schismen oder Schismata, dacks fënnt een och d'Schreifweis Chisma) bezeechent d'Splécke vun enger etabléierter reliéiser Glawensgemeinschaft (Relioun) ouni datt doraus eng nei theologesch Opfaassung entsteet (Heresie). De Schisma gëtt och dacks Kierchentrennung genannt, ass awer net domat identesch, well déi sech éischter op den institutionelle Kader vun enger Kierch bezitt an eng Folleg vun hirer Kiercheverfasssung ass, wärenddeem e Schisma sech méi op d'Communautéiten a Bevëlkerungsgruppen erstreckt, déi mat hir verbonne sinn.

Schisme gouf et net eleng am Chrëschtentum, mä och z. B. am Islam tëscht Schiitten a Sunitten.

Al Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Glawenstrennungen hunn d'Kierchegeschicht vun Ufank u begleet an hunn dacks d'Gebuertsstonn vu chrëschtleche Communautéiten oder "Kierche" markéiert, déi den etabléierte Kierche Konkurrenz gemaach hunn.

Am Neien Testament, virun allem an de Paulus-Bréiwer, si vill Spuere vu Streidereien an Trennungen ze fannen. Déi déifst Kris gouf et bei der Diskussioun ob déi Gesetzer aus dem Alen Testament (Thora) och fir d'Chrëschte gëlle sollten. Eng staark juddechrëschtlech Grupp (Ebioniten) goung dobäi der Kierch verluer.

Méi spéit huet sech, am Prozess vu Klärungen a Trennungen, déijéineg Communautéit erauskristalliséiert, déi sech selwer als orthodox a kathoulesch gesinn huet. Dat ass bis an d'4. Joerhonnert geschitt. Wann eng dogmatesch Glawensopfaassung (wéi déi vun de Gnostiker, Donatisten, Arianer asw.), no laangen Diskussiounen als falsch erkläert gouf, ass iwwer hir Unhänger d'Exkommunikatioun verhaange ginn, wat awer keng zivilrechtlech Suiten hat. Bis 313 huet d'orthodox-kathoulesch Kierch ënner staatlecher Chrëschteverfollegung gelidden.

Eréischt nom Entstoe vun der réimescher Räichskierch sinn déi "heretesch" Communautéite vum réimesche Staat benodeelegt ginn.

De Konzil vu Chalcedon vu 451 huet eng Rei Oftrennunge mat sech bruecht. Eng dovun ass déi vun der Koptescher Kierch an Egypten.

Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

E markant Evenement war den orientalesche Schisma 1054. Am Sënn vum griichesche Wuert splécken ass de Begrëff an d'Geschicht agaangen. Dëst huet d'Trennung vun der griiechescher Ostkierch, déi Griicheland respektiv d'Byzantinescht Räich ëmfaasst huet (Griichesch-Orthodox Kierche), vun der laténgescher Kierch am Westen ageleet. Dobäi ass et drëm gaangen, wou den Zentrum vun der Chrëschtenheet sech géif situéieren: de laténgesche Westen huet Roum als "Péitrusfiels" virgezunn an de griicheschen Oste Konstantinopel. De Poopst zu Roum an de Patriarch zu Konstantinopel (als geeschtege Chef vum griicheschen Osten) hu sech géigesäiteg exkommunizéiert. Hei ass et net méi ëm theologesch Differenzen, déi sech am Laf vun der Zäit entwéckelt haten, gaangen, mä ëm kierchepolitesch Intressien, déi mat der Muecht a mat der Renommée vum Poopst ze dinn haten. Déi al Räichskierch, wéi se zanter dem réimesche Keeser Konstantin I. bestoung, huet dunn net méi existéiert.

Vun 1378 bis 1417 gouf et dunn de sougenannte westleche Schisma. Hei hu gläich verschiddener Usproch erhuewen, Poopst ze sinn. Net nëmmen zu Roum, mä och zu Avignon hu Peepst a Géigepeepst residéiert. An der Mëtt vum 15. Joerhonnert, an der Zäit vum Eugen IV., gouf et och dee leschte kathoulesche Géigepoopst Felix V. 1439 - 1449, dee vum Konzil vu Basel ernannt gouf. Hien huet awer résignéiert, well e sech net duerchsetze konnt.

Aner Oftrennungen am Mëttelalter, déi d'Kathoulesch Kierch als Heresie ugesinn huet, waren ënner aneren d'Waldenser an d'Katharer.

Fréi Neizäit[änneren | Quelltext änneren]

Ënner "Glawenstrennung" gëtt dacks den "Zäitalter vun der Glawenstrennung" gemengt, dee mat der Reformatioun a mam Martin Luther ugefaangen huet an eréischt mam Westfälesche Fridden 1648 zu Enn goung. Dësen Zäitraum war och e Joerhonnert vu Glawenskricher. Dozou huet ënner anerem de Sträit vum däitsche Protestantismus géint d'spuenescht Keesertum vum Karel V. an d'Verfollegung vun den Hugenotten a Frankräich gezielt. D'Zäit vun de Glawenskricher vun 1550-1648 gëtt och Konfessionaliséierung genannt a mengt domat de Prozess vun der Konfessiounsbildung.

Déi intern kathoulesch Reformbestriewungen hu mam Poopst Hadrian VI. ugefaangen an hunn zu der Géigereformatioun gefouert mam Zweck, déi Trennung am Sënn vun der Kathoulescher Kierch nees réckgängeg ze maachen. Souwuel diplomatesch Iwwerzeegungsmëttele wéi och Gewalt sinn heibäi gebraucht ginn. Et huet awer alles näischt genotzt.

Glawenstrennung an ökumeeneschen Dialog[änneren | Quelltext änneren]

D'Glawenstrennung besteet haut nach. Den ökumeeneschen Dialog beméit sech ëm eng schrëttweis Unäherung tëscht de getrennte Kierchen. De Poopst Jean-Paul II. hat sech d'Ökumeene mat der Ostkierch als een vun den Haaptpunkte vu sengem Pontifikat virgeholl. Mä ënnerschiddlech Opfaassungen a ville Beräicher stoungen am Wee. Souguer d'Amt vum Poopst selwer gouf als Barriär empfonnt.

Amplaz vum onklore Begrëff Glawenstrennung zitt den ökumeeneschen Dialog den ideologesch besseren Ausdrock "Kierchentrennung" vir.

D'Zesummefanne vun de Kierche schéngt an der Praxis enorm schwiereg ze sinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Handbuch der Kirchengeschichte, Hubert Jedin, Freiburg 1967 ff.
  • Schilling, Heinz: Aufbruch und Krise. Deutschland 1517-1648, in: Das Reich und die Deutschen, 2. Aufl., Berlin 1992.
  • Schmidt, Heinrich Richard: Konfessionalisierung im 16. Jahrhundert (Enzyklopädie Deutscher Geschichte Bd. 12), München 1992.
  • Kohler, Alfred: Das Reich im Kampf um die Hegemonie in Europa 1521-1648 (Enzyklopädie Deutscher Geschichte Bd. 6), München 1990.
  • Klueting, Harm: Das Konfessionelle Zeitalter 1525-1648, Stuttgart 1989.
  • Lutz, Heinrich: Reformation und Gegenreformation (Oldenburg Grundriß Geschichte Bd. 10), 3. Aufl., München 1991.
  • van Dülmen, Richard: Entstehung des frühmodernen Europa 1550-1648 (Fischer Weltgeschichte Bd. 24), Frankfurt am Main 1982.
  • Hertzig, Arno: Der Zwang zum wahren Glauben: Rekatholisierungspolitik vom 15. bis zum 18. Jahrhundert, Göttingen 2000.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]