Schlammwiss

Vu Wikipedia

D'Schlammwiss ass e Fiichtgebitt laanscht d'Sir zu Iwwersiren an der Lëtzebuerger Gemeng Schëtter.

Wéinst senger relativ grousser Fläch (350 ha) a sengem bemierkenswäerte Räichtum u Planzen an Déieren ass et eent vun de wichtegste Fiichtgebidder zu Lëtzebuerg. Virun allem eng Rëtsch Vulle benotzen op hirem Zuch duerch Europa d'Schlammwiss fir ze raschten an hir Fettreserven opzefëllen.[1]

D'Schlammwiss läit am Natura 2000-Vulleschutzgebitt dat sech am Sirdall vu Mutfert bis op Rued-Sir zitt.

Si ass och zanter 2018 en Deel vum Naturschutzgebitt Schlammwiss-Brill.

Projet Dachskäppchen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Dachskäppche säi Kapp erënnert un dee vun engem Dachs.

Ee vun de rare Vigel déi sech reegelméisseg op hirem Zuch an der Schlammwiss ophalen, ass den Dachskäppchen (Acrocephalus paludicola, de: Seggenrohrsänger), vun deem et weltwäit nëmme méi 10.000-15.000 Exemplare ginn, woumat d'Aart staark bedreet ass.

Den Dachskäppchen zitt am Joer tëscht sengem Bruttgebitt an Osteuropa a sengem Iwwerwanterungsgebitt a Westafrika hin an hier. Dobäi benotzt eng Rëtsch vun hinnen d'Schlammwiss als Rascht- an Tankplaz.

2011 goufen am Kader vun der Bonner Konventioun (eng Konventioun fir de Schutz vu wëllen Déieren déi migréieren), Moossnamen ergraff fir dem Dachskäppchen an der Schlammwiss optimal Bedingungen ze bidden.[1]

Virun allem goufen d'Wise parzelleweis geméit, dat fir e Mosaik vu Grénglandbestänn ze schafen, wat der Entwécklung vun den Insektepopulatiounen entgéintkënnt.

Parallel dozou gouf en Inventaire vun den Insekten am Gebitt realiséiert, fir d'Efficacitéit vun de Moossnamen z'iwwerpréiwen.[1]

De Projet gouf vun der Biologescher Statioun - Naturzenter SIAS, der Centrale ornithologique vun natur&ëmwelt an der Stëftung Hëllef fir d'Natur realiséiert.[1]

De Projet gouf Ufank August 2011 op der Schlammwiss an a Presenz vum Minister Marco Schank presentéiert.[1]

Am Abrëll 2013 konnten Exemplaire vum Dackskäppche beréngt ginn.[2]

Waasserbüffelen am Naturschutzgebitt[änneren | Quelltext änneren]

Zanter Abrëll 2021 gi Waasserbüffelen am Schlammwiss-Brill gehale fir déi naass Wiseflächen oppen ze halen.[3]

Rar Vigel an der Schlammwiss[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Rast- und Nahrungsangebot für bedrohte Zugvögel. Gemeinschaftsprojekt "Dachskäppchen" im Feuchtgebiet "Schlammwiss" in Übersyren vorgestellt. Luxemburger Wort vum 3. August 2011, S. 18.
  2. "Schlammwiss zu Iwwersiren: "Seggenrohrsänger" nogewisen." RTL.lu - 30.04.2013, 14:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.04.2013, 14:58.
  3. Bingenheimer, V. 2021. Tierische Landschaftspfleger. Auf der Herde Wasserbüffel im Naturschutzgebiet Schlammwiss-Brill ruhen große Hoffnungen. Luxemburger Wort vum 10./11. Abrëll 2021, S. 32.
  4. Luxemburger Wort vum 27.4.2012, S. 20: Un merle à plastron passe le printemps au Luxembourg.
  5. C., 2016. Erdtmals Sprosser nachgewiesen. Luxemburger Wort vum 27./28. August 2016, S. 36.
  6. "Buschspötter im Schilfgebiet Schlammwiss nachgewiesen" op naturemwelt.lu.