Schlass Belœil

Vu Wikipedia
Schlass Belœil
Land Belsch
Gemeng Belœil
Koordinaten 50°33'3,49"N, 3°43'48,61"O
Statut klasséiert Monumenter a Wallounien,
exceptionell Gebaier a Wallounien
D'Schlass vu Belœil laanscht d'Säit

D'Schlass vu Belœil ass e Schlass zu Belœil an der belscher Provënz Hainaut. Et gouf am Mëttelalter gebaut an huet eng räichhalteg Sammlung vu Miwwelen a Konschtgéigestänn aus dem 15. bis dem 19. Joerhonnert, wourënner eng Bibliothéik mat 20.000 Bicher. Et gehéiert der Famill de Ligne.

De 25 Hektar grousse Park ass en intressant Beispill vun enger Kombinatioun vun engem franséische Gaart (1664) an engem engleschen.

De Gaart an en Deel vum Schlass si fir de Public zougänglech. Et ginn do reegelméisseg Concerten organiséiert, an et kann een et fir Receptioune lounen. Am Summer ass am Park zanter 1991 all Joer La nuit musicale de Beloeil, eng Rëtsch klassesch Concerten an aner Spektakelen, déi doruechter am Park opgefouert ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Belœil – Biller, Videoen oder Audiodateien