Schlass Betzder

Vu Wikipedia
Schlass Betzder
Land Lëtzebuerg
Gemeng Betzder
Plaz Betzder
Adress rue Pierre-Werner
Koordinaten 49°41'38"N, 6°19'49"O
Baustil Neobarock
Architekt(en) Paul Schultze-Naumburg.
Datum vum Bau 1912-1919
Proprietär SES

D'Schlass Betzder ass e Schlass zu Betzder. Et ass haut de Sëtz vum Satellitebedreiwer SES.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virum haitege Schlass gouf et zanter der Neizäit e Schlass, dat um Terrain vum haitegen Institut Saint-Joseph stoung. Et war de Sëtz vun de Famille vu Bartreng, vu Lelleg, vu Bäerbuerg, vun Eltz, vu Bierg an, vu 1707 un, Mohr de Waldt. Zeien dovun, a Form vu Grafsteng, sinn an der barocke Betzder Kierch ze gesinn. 1820 goung et, nom Doud vun der Philippine Mohr de Waldt, un hir Niess d'Gräfin de Fénelon de Salignac, déi et hirersäits dem Frédéric Lech verkaaft huet. Schlussendlech gouf et de Schwëstere vu Ste Elisabeth iwwerdroen, déi dodran den Institut Saint-Joseph gegrënnt hunn, fir do handikapéiert Persounen ze fleegen.[1]

Dat haitegt Schlass vu Betzder gouf tëscht 1912 an 1919 no de Pläng vum däitschen Architekt Paul Schultze-Naumburg am neobarocke Stil gebaut.[2]

Et war tëscht dem 9. Abrëll 1953 an dem 16. November 1964 de Sëtz vum Ierfgroussherzog Jean vu Lëtzebuerg a senger Fra Joséphine-Charlotte. Kuerz nodeem hie Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf, ass d'Famill an d'Schlass Bierg geplënnert.

Déi fënnef Prënzekanner vun der Koppel sinn um Schlass Betzder op d'Welt komm:

Vun 1964 bis 1982 war am Schlass e Fleegeheim installéiert. Am Juli 1982 war do e Scouts-Camp mat 1200 Scouten, duerno stoung et eng Zäitchen eidel.

1986 huet d'Satellittebedreiwerfirma SES d'Schlass vum Staat iwwerholl a renovéiert. Zanterhier ass et de Siège vun där Entreprise.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Commune de Betzdorf: La localité de Betzdorf. betzdorf.lu, gekuckt 2021-03-18.
  2. Anne Aymone Schmitz: [ "Betzdorf, die einstige Residenz des Erbgroßherzogs."] wort.lu, 30.04.2019.