Schlass Biebrich

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schlass Biebrich

D'Schlass Biebrich, am Staddeel Biebrich zu Wiesbaden am Bundesland Hessen an Däitschland, war eng fréier herzoglech Residenz vum Haus Nassau.

D'Gebai, dat direkt um Rhäinufer läit, ass net no engem eenheetlechen Entworf entstanen, mä ass tëscht 1700 a 1750 ëmmer nees erweidert ginn, bis sech schliisslech aus engem Gardenhäischen eng dräifliggeleg Anlag entwéckelt hat. Haut zielt et zu deene bedeitendste Barockschlässer um Rhäin. Op der dem Rhäin ofgewandte Säit ass e wäitleefege Schlasspark, an dem all Joer zu Péngschten e bekannte Reitturnéier ass.

Am Schlass ass haut ënner anerem dat hessescht Landesamt für Denkmalpflege ënnerbruecht. Donieft gëtt et och vun der hessescher Landesregierung zu Repräsentatiounszwecke benotzt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Schloss Biebrich – Biller, Videoen oder Audiodateien