Schlass Biertreng

Vu Wikipedia
Schlass Biertreng
D'Biertrenger Schlass am Januar 2022
Typ Schlass,
Buerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Schieren
Koordinaten 49°49'34,90"N, 6°5'20,83"O
Proprietär Joseph Bourg
Statut Klasséiert Monument

D'Schlass Biertreng ass e Schlass zu Biertreng an der Gemeng Schieren. Et läit um lénksen Uwänner vun der Uelzecht.

Den 19. Januar 2018 gouf et als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi eelst Deeler ginn op d'13. Joerhonnert zeréck. D'Schlass gouf vum Gaspard-Florent de Breiderbach gebaut. Géint 1775 ass d'Schlass a senger haiteger Form entstanen. Zanter 1813 war et am Besëtz vun der Famill de Blochausen, notamment dem Baron Félix de Blochausen, fréiere Premierminister vu Lëtzebuerg. Zanter 1935 war d'Schlass am Besëtz vun der Famill vum fréiere belsche Premierminister Charles de Broqueville. Nodeems déi lescht Bewunnerin vum Schlass, d'Baronne Claudine de Broqueville am Januar 2018 gestuerwe war, gouf d'Rout Kräiz duerch en Don Proprietär vum Schlass. D'Rout Kräiz huet et duerno verkaaft.

Am Mäerz 2021 gouf de pensionéierten Entreprener a Grënner vun der Firma Stugalux[2],[3] Jos Bourg, deen de 16. Juni 2022 am Alter vun 71 Joer gestuerwen ass[4][5], neie Proprietär vum Schlass an de ronn 85 Hektar Bëscher a Wisen. D'Schlass gëtt fir privat Wunnzwecker benotzt. De Syndicat intercommunal Nordstad war och um Schlass interesséiert. De Präis soll méi héich wéi 5,2 Millioune gewiescht sinn.[6],[7],[8],[9]

De fréieren Zougang zum Schlass ass vu Schieren aus duerch eng Allee aus Routbichen an iwwer eng prunkvoll Bréck iwwer d'Uelzecht verlaf. D'Bréck gouf 1844 aus roudem Sandstee gebaut, gouf awer am Zweete Weltkrich zerstéiert an duerno net méi opgebaut.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marc Schoentgen, 2021, Schlass Biertreng – Eng eemoleg Lëtzebuerger Geschicht, Texter Mil Goerens, S.l.: M. Schoentgen, 248 S, ISBN 978-99959-0-647-4, a-z.lu
  • Conrad, D., 2020. Das Menschliche entdecken. Marc Schoentgen taucht in die Geheimnisse von Schloss Birtringen ein. Luxemburger Wort vum 18. Dezember 2020, S. 22.
  • Schloss Birtringen: ein Stück Nationalgeschichte am Luxemburger Wort vum 19. Mee 2015, S. 31

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Biertreng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. 40e anniversaire de STUGALUX : une maison de tradition dans la construction de logements gelies den 21. Mäerz 2021
  3. Témoignage de Jos. Bourg, transplanté du foie, gelies den 21. Mäerz 2021
  4. RIP, De Jos Bourg ass dout. Gekuckt de(n) 18. Juni 2022.
  5. Doudesannonce, Luxemburger Wort, 20. Juni 2022
  6. "La Croix-Rouge vend le château de Birtrange." paperjam.lu, 21.01.2021.
  7. D'Biertrenger Schlass an der Gemeng Schieren huet en neie Proprietär op RTL.lu 19. Mäerz 2021
  8. De Lëtzebuerger Entrepreneur Jos Bourg ass neie Schlasshär vu Biertreng, RTL.lu 19. Mäerz 2021
  9. Schloss Birtringen geht an Privatbesitzer, gelies op wort.lu den 20. Mäerz 2021