Schlass Bur

Vu Wikipedia
Schlass Bur
D'Schlass Bur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Rouspert-Mompech
Plaz Bur
Koordinaten 49°45'39"N, 6°30'53"O
Proprietär Privat

D'Schlass vu Bur läit am Zentrum vun der Uertschaft Bur, an der Gemeng Rouspert-Mompech.

Am Mëttelalter gouf et eng Herrschaft zu Bur; e gewëssen Heinrich vu Bur gëtt 1286 ernimmt. Si hunn de Virgängerbau vun haitege Schlass vu Bur opriichte gelooss. 1705 gouf et bei Ugrëffer vun der Arméi vum Marlborough zerstéiert.

Ëm 1740 gouf dat haitegt Schlass vun der Famill Faust von Aschaffenburg-Hattstein gebaut. 1775 huet d'Famill De Villers et geierft. 1978 huet d'Gemeng et opkaf, an 1985 nees u Privatleit verkaaft.[1]

Et ass haut weiderhin a Privatbesëtz a kann net besicht ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Claude Muller, "Les seigneurs de Born-sur-Sûre, notamment les familles de Hattstein, Faust d'Aschaffenbourg et de Villiers", 1999. (fr)</ref>

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Château de Born – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Born", Commune de Mompach. (fr)