Schlass Drottningholm

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola filesystems folder home.png Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Schlass Drottningholm vum Park aus gesinn
Den Drottningholmtheater

D'Schlass Drottningholm läit bausse vu Stockholm an ass de Wunnsëtz vun der schwedescher Kinneksfamill. Et handelt sech ëm prachtvoll Gebaier déi als éischt schwedescht Kulturdenkmal op d'Lëscht vun der UNESCO - Weltierfschaft opgeholl si ginn, besonnesch opgrond vun zwee Gebaier, dem chinesesche Schlässchen (Kina slott) an dem Drottningholmtheater.

D'Schlass Drottningholm gouf an der zweeter Halschent vum 17. Joerhonnert am Barockstil no de Pläng vum Architekt Nicodemus Tessin d.Ä. gebaut, op där Plaz wou e fréiert Gebai duerch e Feier zerstéiert gi war. Säi Fils Nicodemus Tessin d.J. huet d'Ausféierung iwwerholl an och e Barockpark no franséischem Virbild ugeluecht. De Park gouf méi spéit vergréissert an de Gustav III. huet dunn och en englesche Gaart uleeë gelooss. Ëm 1760 huet d'Kinnigin Lovisa Ulrika eng Rei vun neie Gebaier baue gelooss, dorënner dat chinesescht Schlässchen am Rokoko-Stil mat orientaleschen Elementer an den Drottningholm Schlasstheater.

De Schlasstheater ass ee vun de bescht erhalene Barocktheatere an Europa. Seng Glanzzäit hat hien ënnert dem Gustav III, dee selwer Theaterstécker geschriwwen huet an och gär als Schaupiller do opgetratt ass. Et sinn an deem Theater, deen haut rëm fir Opféierunge benotzt gëtt, eng Partie Bühnebiller ausgestallt.

[änneren] Linken

[änneren] Um Spaweck

Commons: Schlass Drottningholm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen