Schlass Schaloen

Vu Wikipedia
D'Schlass Schaloen

D'Schlass Schaloen (nl:Kasteel Schaloen), ass e Waasserschlass an der hollännescher Uertschaft Oud Valkenburg an der Provënz Limburg.

D'Schlass gouf fir d'éischt 1375 an Dokumenter ernimmt. Am Spuenesch-hollännesche Krich, gouf et 1656 zerstéiert a gouf duerno a Form vun engem grousse rechteckegen Haus mat Limburger Mergel erëm opgeriicht.

1894 gouf eng Restauratioun am neogotesche Stil gemaach.

Bei d'Schlass, dat net besicht ka ginn, féieren zwou Boubrécken.

Nieft dem Schlass läit eng fréier Bannmillen, d'Sjaloens Meule.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Schaloen – Biller, Videoen oder Audiodateien