Schlass Siwebueren

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Schlass Siweburen)
Schlass Siwebueren
D'Schlass Siwebueren, 2011
Typ Schlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Rollengergronn/Belair-Nord
Koordinaten 49° 37’ 32’’ N
      06° 06’ 18’’ E
Statut Klasséiert Monument
Schlass Siwebueren
Pavillon am Schlasspark

D'Schlass Siwebueren, op de Siwebueren am Rollengergronn (Stad Lëtzebuerg) ass e Schlass aus dem 18. Joerhonnert.

Et gouf 1783–1784 vun de Bridder Jean-François a Pierre-Joseph Boch baue gelooss, an der Noperschaft vun hirer Parzeläinsfabréck, déi 1767 ugefaangen huet ze produzéieren a bis 2010 funktionéiert huet.

D'Schlass war sou ugeluecht, datt zwou Famille dra wunne konnten: den ieweschte Stack war ënnerdeelt an zwéi Fligele mat Schlofzëmmeren, wärend de Rez-de-chaussée, mat ë. a. dem Iesszëmmer an dem Living, vun den zwou Partien zesumme benotzt konnt ginn[1].

An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun war d'Schlass vu franséischen Truppe besat ginn. 1914 gouf et verkaf. 1970 huet d'Boch-Famill et nees zeréckkaf. Den Antoine de Schorlemer (1927-2014) gouf ugestallt, d'Gebai grëndlech ze renovéieren[2].

D'Schlass haut[änneren | Quelltext änneren]

D'Zëmmeren doruechter si mat deene verschiddenste Parzeläinswierker dekoréiert. Am Iesszëmmer hänkt e Portrait vun der Maria Theresia vun Éisträich (1717–1780), déi de Boch-Bridder d'Erlabnes ginn hat, eng Parzeläinsfabrick opzemaachen a se déi 10 éischt Joer vun de Steiere fräigestallt hat. Hautdesdaags kann een d'Schlass fir Konferenzen oder Receptiounen lounen. Och d'Firma Villeroy & Boch huet et als Gaaschthaus fir hir Clienten oder Manager benotzt[1].

D'Schlass gouf den 18. November 2011 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Figut, I., 2014. Auf den Gespüren der Brüder Boch. Das Schloss nahe der Keramiikproduktionsstätte heutzutage nur für private Events buchbar. Luxemburger Wort vum 1. August 2014, S. 14-15.
  • "Le château de Sept-Fontaines." ons stad 1987, Nr. 26, S. 23-25.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Siwebueren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Le château de Septfontaines: Retour aux origines d'une ère", Le Quotidien, 20 September 2010.(fr)
  2. Duncan Roberts, "Château de Septfontaines under Conservation Order", City Magazine Luxembourg, February 2011.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).