Schlass Uespelt

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 49° 31’ 28’’ N 6° 13’ 22’’ E
D'Schlass vun Uespelt

D'Schlass vun Uespelt zu Uespelt ass eng barock Residenz, déi 1590 op der Plaz vun enger mëttelalterlecher Waasserbuerg aus dem 11. Joerhonnert gebaut gouf. Et gi Pläng, d'Schlass ze restauréieren.[1]

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

Et ass méiglech, datt d'Buerg aus dem Mëttelalter hirersäits op réimesche Fëllementer gebaut gouf. Déi éischt erhale schrëftlech Quell, an där vun der Buerg rieds geet, ass dem Theoderich vu Wied seng Chronik vun Iechternach aus dem Joer 1132. D'Fëllementer vun de ronnen, goteschen Tierm si warscheinlech aus dem 14. Jh. D'Aarbechten um Gebai, wéi et haut nach besteet, goufe 1590 vun de Famille Ruelle, Kempt an Burthé fäerdeggestallt.

1777 huet d'Famill de Martiny d'Schlass vergréisseren an nei barock Fënsteren abaue gelooss. 1957 gouf de Rez-de-Chaussée vum Südwest-Tuerm restauréiert.[2] D'Schlass ass zënter 1992 am Besëtz vun der Gemeng Fréiseng.

D'Uespelter Schlass gouf den 2. Dezember 2011 op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument opgeholl.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

  1. "Das Schloss vor dem Verfall retten", Luxemburger Wort, 24 November 2010.
  2. "Schlossgeschichte", Amis du château d'Aspelt. An der lescht gouf et weider Restauratiouns- a Konsolidéierungsaarbechten.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen