Schlass Wolz
D'Schlass vu Wolz ass e Schlass zu Lëtzebuerg, deem seng haiteg Konstruktioun deelweis op d'Joer 1573 zréckgeet. Et ass ë. a. bekannt, well do all Joers de Wolzer Festival ofgehale gëtt.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Am 13. Joerhonnert hunn d'Häre vu Wolz eng Buerg op engem Fielsvirspronk gebaut, an domat och d'Entwécklung vun der Uewerstad vu Wolz (Uewerwolz) an d'Weeër geluecht. 1388 hunn d'Fransouse Wolz ugegraff an d'Buerg ofgebrannt; se gouf awer geschwënn nees opgebaut.
1453 gouf Wolz op en neies ugegraff, dës Kéier vun den Truppe vum Philippe vun der Bourgogne. De sougenannten Hexentuerm ass deen eelsten haut nach erhalenen Deel vum Schlass. Ënnert dem Grof Jean VI. vu Wolz gouf 1631 mam Bau vum Schlass am Renaissance-Stil ugefaangen. Duerch den Drëssegjärege Krich goufen d'Aarbechten ënnerbrach, soudatt d'Haaptgebai eréischt géint 1720 fäerdeg gouf. Déi al Kapell war 1722 fäerdeg gebaut, an déi monumental Trap erof an d'Gäert 1727.
1951 huet de Lëtzebuerger Staat d'Schlass kaf fir en Altersheim dran anzeriichten.[1][2]
Et gouf den 1. Juli 2011 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.
Zënter 2012 bitt am Schlass eng belsch Privatschoul fir Hotelmanagement Coursen un.[3]
De Wolzer Festival [änneren]
Zënter 1953 gëtt beim Wolzer Schlass all Joer en internationale Musekfestival organiséiert, dee gewéinlech vun Enn Juni bis Mëtt Juli dauert.[4]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wolzer Festival ![]()
Brauerei- a Gierwereimusée [änneren]
An de Ställ vum Schlass ass zënter 1999 den Nationale Brauereimusée (Musée national d'art brassicole) amenagéiert. Ausserdeem gëtt et e klenge Gierwereimusée (Musée de la Tannerie), deen d'Geschicht vun der Lieder-Industrie zu Wolz, vu 1644 bis 1961, explizéiert.[5]
-
Historesch Zeechnung vum Nicolas Liez vum Wolzer Schlass (1834).
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Buergen a Schlässer
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Wolz
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Schlass Wolz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ "Le Château de Wiltz", Syndicat d'Initiative et de Tourisme de Wiltz. Gekuckt 18. Abrëll 011.
- ↑ "Wiltz: The castle", Association des châteaux luxembourgeois. Gekuckt 18. Abrëll 2011.
- ↑ "Wolz: Belsch Hotelsschoul plënnert an d'Wëltzer Schlass." RTL.lu - 15.09.2011, 10:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.09.2011, 11:24.
- ↑ "Websäit vum Wëlzer Festival". Gekuckt den 18. Abrëll 2011.
- ↑ "Musée de la Tannerie", Syndicat d'Initiative de Wiltz. Gekuckt 19. Abrëll 2011.