Schlass vu Fallais

Vu Wikipedia
D'Schlass vu Fallais

D'Schlass vu Fallais ass e Waasserschlass an der klenger Uertschaft Fallais an der belscher Provënz Léck.

D'Gebai staamt aus dem 13. Joerhonnert war déizäit awer net méi wéi e grousst véiereckegt Gebai, am Festungsstil. Dëst Gebai gouf awer géint 1330 zerstéiert a just de Burgfrid dee stoe bliwwe war gouf am 14. Joerhonnert mat an déi baussenzeg Mauere mat agebaut.

Tëscht 1882 an 1885 gouf dat Ganzt nach eng Kéier ëmgebaut. Dat ass dat Schlass wéi et haut nach do steet.

E grousst Feier am Joer 1937 hat de ganze Norddeel zerstéiert.

D'Schlass ass 65 × 48 Meter grouss an op all Eck steet e groussen Tuerm.

D'Waasser vum Gruef kënnt aus der Mehaigne eng Baach déi dolaanscht leeft, an déi en Niewefloss vun der Meuse ass.

D'Schlassbréck ass eng Boubréck aus dräi ronne Béi déi mam Schlass duerch eng Hiefbréck mat dem Schlass verbonne war. D'Hiefbréck gouf 1881-82 bei der Restauratioun ewechgerappt.