Schlesesch Sprooch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D' Schlesesch Sprooch (Schlesesch: ślůnsko godka, ślůnski, munnechmol och pů našymu) ass eng Sprooch, déi vu der Bevëlkerung an der uewerschlesescher Regioun a Polen geschwat gëtt, iewer och an Tschechien an an Däitschland. Beim statisteschen nationalen Zensus vu Polen, deen 2002 duerchgefouert gouf, hunn ongeféier 56.000 Persounen erkläert, d'Schlesescht wier hir Mammesprooch.

D'Schlesescht gläicht der polnescher Sprooch an duerfir gëtt d'Schlesescht vu verschiddene Sproochwëssenschaftler als Dialekt vun der polnescher Sprooch betruecht.

[änneren] Alphabet

Et gëtt kee spezifescht schlesescht Alphabet. Déi, déi d'Schlesescht schreiwen, benotzen déi polnesch Buschtawen. 2006 gouf allerdéngs en neit schlesescht Alphabet ausgeschafft. Et gëtt allgemeng am Internet an och an der Schlesescher Wikipedia benotzt.

Aa Bb Cc Ćć Čč Dd Ee Ff Gg Hh Ii Jj Kk Ll Mm Nn Ńń Oo Pp Rr Řř Ss Śś Šš Tt Uu Ůů Ww Yy Zz Źź Žž
Duebel Buschtawe fir e bestëmmte Laut: Ch Dz Dź Dž.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Silesian language – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen