Schluecht bei de Masuresche Séien

Vu Wikipedia

D'Schluecht bei de Masuresche Séien vum 6. bis 14. September 1914 war eng Schluecht tëscht däitschen a russeschen Truppen an Ostpreisen am Éischte Weltkrich. Si ass zu Enn gaange mam Réckzuch respektiv der Vernichtung vun de russeschen Truppen.

Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Vernichtung vun der 2. Arméi ënner dem Generol Samsonow an der Schluecht vun Tannenberg war de russesche Plang vun enger Eruewerung vun Ostpreisen duerch en Zaangen-Ugrëff aus dem Süden an Nordosten hifälleg. Domat war d'Menace vun der däitscher Provënz Ostpreisen awer nach net aus der Welt geschaf. D'Njemen-Arméi ënner dem Paul von Rennenkampf, déi net an d'Gefechter bei Tannenberg agegraff hat, huet sech op däitschem Territoire an eng Ofwierstellung zeréckgezunn. An där Zäit huet den État-major ënner dem Generol Schilinski südëstlech vun Ostpreisen eng nei Arméi – déi 10. Arméi – opstelle gelooss, fir d'Méiglechkeet vun enger neier Offensive opzebehalen. Trotz dem Debakel vu senger 2. Arméi huet de russeschen ieweschte Kommando nach ëmmer dru geduecht, de Krich op däitschem Territoire ze féieren. Frankräich, dat mat Russland verbonne war, huet en an där Meenung encouragéiert.

De Verlaf vun der Schluecht[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]