Schluecht vu Cambrai (1917)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Schluecht vu Cambrai 1917 am Éischte Weltkrich. Fir d'Schluecht vun 1918 kuckt w.e.g. Schluecht vu Cambrai (1918).
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schluecht vu Cambrai
Schlacht von Cambrai.png
Schluecht vu Cambrai op der Kaart
Datum 20. November 1917
Plaz Cambrai a Frankräich
Resultat Ouni Resultat
Kontrahenten
Däitschland Groussbritannien
Truppen op der Plaz
3 Arméikorpsen
8 Infanterie-Div.
476 Tanksen
14 Geschwader
Royal Flying Corps
7 Infanterie-Div.
3 Kavallerie-Div.
Éischte Weltkrich


D' Schluecht vu Cambrai am Éischte Weltkrich war déi éischt grouss Panzeroffensive an der Geschicht. Si huet den 20. November 1917, an der Noperschaft vum strategesch wichtegen Eisebunnsknuet Cambrai a Frankräich ugefaangen.

Groussbritannien an Irland hu vun där Schluecht net nëmmen e Duerchbroch duerch déi däitsch Stellungen erwaart, mä hunn och vu där Offensive erhofft, duerch den Asaz vu Tankse kéint de Krich eng positiv Wendung zugonschte vun der dräifacher Entente (Triple entente) kréien. Méi wéi dräi Joer laang waren nämlech d'Fronte blockéiert a Millioune vun Zaldoten waren bei Frontalattacken, dacks ouni Sënn ausgeléist, ëmkomm. Aus dem Stellungskrich sollt et e Bewegungskrich ginn. Aus där Iwwerleeung eraus gouf d'Schluecht vu Cambrai geplangt, gewëssermossen als Optakt, fir mat Hëllef vum neien Alliéierten, den USA, an mat neien Techniken dat däitscht Keeserräich ze bezwéngen.

An der Schluecht sinn am Ganze 95.000 Zaldoten ëmkom, verwonnt ginn, oder koumen a Gefaangeschaft. D'Schluecht ass de 7. Dezember 1917 op en Enn gaangen, ouni dat si fir eng Partei e gréisseren Erfolleg hat, oder datt si déi allgemeng Lag am Fong verännert hätt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Battle of Cambrai (1917) – Biller, Videoen oder Audiodateien