Schluecht vu Saint-Quentin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Schluecht vu Saint-Quentin war den 10. August 1557.

Zanter Oktober 1556 hunn d'Spannungen an Italie géint d'Spuenier erëm zougeholl. Den Duc François de Guise huet d'Campagne dirigéiert. D'Spuenier hunn dovu profitéiert, datt déi franséisch Arméi wäit ewech ass, an um Ufank vum Summer 1557 starte si eng Offensiv an der Picardie.

Den Duc vun der Savoie Emmanuel-Philibert belagert Saint-Quentin, wat schlecht befestegt ass. De Coligny, deen sech an der Stad mat e puer Truppen ophält, versicht dat bescht aus der Situatioun ze maachen, an et gëtt och versicht hien do erauszehuelen.

De Connétable Anne de Montmorency, deen d'kinneklech Arméi leet, marschéiert iwwer d'Somme a versicht d'Arméi duerch d'Supp an d'Stad eranzekréien. Well alles zimlech an der Hetz geschitt, kommen eng knapps 500 Männer ënner dem d'Andelot eran. Duerno wollt de Connétable sech bei Dag zréckzéien, mä duerch seng vill Bagage goung dat ganz lues iwwer d'Bühn, wouvun den Emmanuel-Philibert profitéiert. Well hie méi Männer zur Verfügung huet, fänkt hien eng Schluecht un.

De Connétable hat emol keng Zäit seng Truppe richteg ze uerdnen an et kënnt zu engem Desaster fir d'Fransousen. De Connétable gëtt Prisonéier geholl, genee wéi ee vu senge Bouwen, den Duc vu Montpensier, den Duc vu Longueville, de Louis de Gonzague, zéng Ritter vum Uerden vu Saint-Michel, an 300 Gentilhommes. D'Spuenier am Géigesaz dozou hate nëmme kleng Perten.

Mä d'Spuenier konnte vun hirem Succès net profitéieren. Si sinn zu Saint-Quentin bliwwen, wou de Philippe II. de 27. August antrëfft, an de Coligny gëtt Prisonéier geholl. Duerch dëse Retard konnt Paräis eng nei Arméi opbauen a Saint-Quentin gëtt 1559 erëm franséisch. D'Prisonéier hu vill Suë misse bezuelen an den Desaster vu Saint-Quentin huet de Montmorency fir eng Zäit vun der politescher Bühn ewechgeholl.