Schluecht vu Salamis

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Schluecht vu Salamis am Kader vun de Perserkricher. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Schluecht vu Salamis (Homonymie)
Schluecht vu Salamis
Battle of salamis.png
Skizz vun der Séischluecht vu Salamis
Datum September 480 v. Chr.
Plaz Virun der Insel Salamis
Resultat griichesch Victoire
Kontrahenten
Griichen (Themistokles) Perser (Xerxes I.)
Truppen op der Plaz
mind. 271 Triremen
Besatzung: > 54.200
mind. 500 Krichsschëffer
Besatzung: > 100.000
Perserkricher


D'Schluecht vu Salamis (gr.: Ναυμαχία τῆς Σαλαμῖνος) war eng Séischluecht tëscht Perser a Griichen am September1 480 v. Chr. virun der Insel Salamis am Kader vun de Perserkricher, an eng grouss griichesch Victoire.

D'Schluecht zielt zu de wichtegste Séischluechten am antike Mëttelmierraum.

Nodeem d'Perser d'Schluecht vu Marathon (490 v. Chr.) verluer haten, hat de persesche Grousskinnek Dareios I. nach ëmmer d'Intentioun, déi griichesch Poleis an d'persescht Räich anzeglidderen. Den Zweck vun der Expansioun sollt zum Engen d'persesch Staatskeess mat dem Verméige vun de Griiche fëllen, a gläichzäiteg och e Sprangbried fir weider Eruewerungen am Weste sinn.

Fir d'Flott méiglechst ouni Schued an d'Kampfgebitt ze bréngen, gouf de Bau vun engem Kanal duerch d'Hallefinsel Athos geplangt. Mä den Dareios I. ass nach während de Krichsvirbereedunge 486 v. Chr. gestuerwen, a säi Jong Xerxes I. huet déi Aufgab iwwerholl.

De Kanal, deen ënner dem Dareios I. ugefaange gi war, gouf fäerdeggebaut. Zousätzlech hunn d'Perser zwou Landbrécken iwwer den Hellespont gebaut, fir mat enger Arméi tëscht 70.000 an 80.000 Mann weiderzréckelen. 480 v. Chr. waren d'Virbereedungen ofgeschloss, an de Xerxes I. huet mat sengem Feldzuch ugefaangen. Ronn 1000 Spartaner, Thespier und Thebaner, ugefouert vum Leonidas hu versicht, d'Perser opzehalen, an hu sech hinnen am Norde vu Griicheland gestallt. Si goufen allerdéngs bei der Schluecht vun den Thermopylen geschloen, an d'attesch Flott huet sech no Operatioune bei Artemision op der Nordsäit vun Euböa nees misse Richtung Athen zréckzéien. De Xerxes konnt Athen an Attika besetzen a verwüsten. Elo koum et zu Ausernanersetzungen tëscht Athener a Spartaner, well d'Spartaner den Isthmus vu Korinth an domat de Peloponnes verdeedege wollten. D'Athener hunn awer op hir Flott gebaut.

D'Griichen hu keen Auswee gesinn, ausserdeem ware si zueleméisseg wäit ënnerleeën. Den Themistokles huet d'Orakel vun Delphi ëm Rot gefrot, an d'Äntwert war "Sicht Schutz hanner hëlzerne Maueren!". Dëse Sproch hunn d'Athener sou interpretéiert, datt nëmmen hir Triremë Schutz géint d'Perser bidde konnten. D'athenesch Flott war zanter der Schluecht vu Marathon gutt gewuess, well de Groussdeel vun de Ressourcë vun der Stad - aus dem Sëlwerbiergbau vu Lauereion - fir de Bau vu Schëffer agesat gi war. Sou huet sech d'Stad op d'Mier verlagert. D'Männer waren op de Schëffer, an d'Fraen a Kanner goufen an der Géigend vu Salamis a Sécherheet bruecht.

Kontrahenten[änneren | Quelltext änneren]

Griichen[änneren | Quelltext änneren]

Laut dem Herodot haten d'Griichen 378 Triremen a Pentekonteren. Laut senger Lëscht hu folgend Stied Schëffer geschéckt :

Modell vun enger griichescher Trireme.
Stad Zuel
Schëffer
Stad Zuel
Schëffer
Athen: 180 Korinth: 40
Aigina: 30 Chalkis: 20
Megara: 20 Sparta: 16
Sikyon: 15 Epidauros: 10
Eretria: 7 Ambracia: 7
Troizen: 5 Naxos: 4
Leukas: 3 Hermione: 3
Styra: 2 Kythnos: 2
Kea: 2 Melos: 2
Siphnus: 1 Seriphus: 1
Kroton: 1
Total 366

An dëser Opzielung kënnt een awer nëmmen op den Total vun 366 Schëffer. Déi 12 Schëffer déi feelen, koume wuel vun Aigina. Zwee weider Schëffer si vun de Perser zu de Griichen iwwergaangen; eent virun Artemision an eent viru Salamis. Dem Aischylos no, hat d'griichesch Flott 310 Triremen, de Ktesias zielt nëmmen 110 Schëffer op Athenescher Säit, a keng 180 wéi den Herodot. Laut dem Hyperides hat d'griichesch Flott souguer nëmmen 220 Schëffer2. D'Flott stoung ënner dem Kommando vum Themistokles an dem Spartaner Eurybiades. D'Spartaner hunn nëmme wéineg Schëffer bäigedroen, mä hu sech selwer als natierleche Leader vu griichesche Militärexpeditioune gesinn, an drop bestanen, datt e spartanesche Generol de Kommando misst kréien.

Perser[änneren | Quelltext änneren]

D'Persesch Sträitmuecht war eng grouss Landarméi an eng Flott. Den Herodot verweist op 1207 Triremen a schwätzt vun iwwer 3000 zousätzleche Schëffer. Am Ganze soll d'Triremeflott aus 300 phenizeschen, 200 egypteschen, 150 zypreschen, 100 kilikeschen, 30 pamphyleschen, 50 lykeschen, 30 doreschen, 70 kareschen, 100 ioneschen, 60 eoleschen a 17 ägäesche Schëffer bestanen hunn. Allerdéngs gesäit d'Wëssenschaft d'Zuel vun de Schëffer als iwwerdriwwen un. Laut dem Herrschaftsberäich war bal d'Hallschent vun de Besatzunge griichesch. Fir d'Landarméi versuergen ze kënnen, ass d'Invasiounsflott no un der Küst mat der Arméi zesumme gefuer. Duerch de Kanal an den Athosbierger ass d'Armada weider Richtung Thermai gezunn, an duerno d'Küst vu Magnesia erof, wou et keen Hafe gouf. Laut dem Herodot huet d'Flott ronn 400 Schëffer an engem Stuerm verluer, éier si am Hafe vun Aphetai ukomm ass.

Modern Estimatioune schätzen d'persesch Flott op 6503-8004 Schëffer, obschonn déi ursprénglech Invasiounsmuecht aus méi Schëffer bestanen huet (1,207) déi awer bei Stierm an der Ägäis an zu Artemision verluer gaange sinn. Den Herodot behaapt zwar, datt déi Verloschter ersat goufen, mä ernimmt nëmmen 120 Schëffer vun de Griichen aus Thrakien. Den Aischylos erzielt och vun 1,207 Schëffer, vun deenen 1000 Trireme waren, an 207 séier Schëffer. Den Diodorus5 an de Lysias6 erzielen onofhängeg vunenaner vun 1.200 Schëffer zu Doriskos. D'1207 Triremen ernimmt och den Ephoros, während den Isokrates7 vun 1,300 Schëffer zu Doriskos an 1,2008 zu Salamis schwätzt. De Ktesias erzielt vun 1.000 Schëffer, während de Platon9 1.000 a méi Schëffer ernimmt. D'Perser ware sech sou sécher, datt si gewanne géifen, datt den Xerxes I. un der Küst en Troun baue gelooss huet, fir der Schluecht mat Stil nozekucken, a sech d'Nimm vun de Kommandanten ze mierken, déi grouss Leeschtungen erbruecht hunn.

Verlaf vu Séischluecht vu Salamis[änneren | Quelltext änneren]

Nom Herodot[änneren | Quelltext änneren]

Laut den Herodot ass d'persesch Flott an d'Bucht vu Salamis opgebrach, fir d'Griichen unzegräifen. De Xerxes I. war der Iwwerzeegung, datt d'Neierlag vu senger Flott bei Euböa eenzeg an eleng dorop zréckzeféiere war, datt hien net perséinlech dobäi war. Vum allgemenge Verlaf vun der Schluecht ass wéineg bekannt. Den éischteg Dag wier et zu kenger Schluecht komm, well wéi d'Perser ukomm sinn, war et schonn däischter. D'Griichen haten Angscht an d'Zaldote vum Peloponnes wolle sech schonn zréckzéien, fir sech mat der Landarméi ze treffen, an hir Heemecht ze verdeedegen. An derselwechter Nuecht ass d'persesch Landarméi Richtung Peloponnes opgebrach. Um Isthmus vu Korinth gouf ugefaangen, eng Mauer ze bauen, nodeem de Leonidas bei den Thermopylen gefall war10. Vill Zéngdausende Griiche waren ënner dem Kommando vum Kleombrotos prett, den Isthmus ze verdeedegen, wéi Lakedaimonier11, Arkader, Eleier, Korinther, Sikyonier, Epidaurier, Phliasier, Troizener an Hermonien.

Laut dem Herodot hunn d'Griiche wéineg Wäert op eng Victoire um Mier geluecht. Aus deem Grond koum et zu enger Versammlung. Verschiddener wollten zréck op de Peloponnes segelen, mä d'Athener, Megarer an Aiginete wollten eng Séischluecht. Well den Themistokles vun der Versammlung iwwerstëmmt gouf, huet hien de Sikinnos - e Sklav a Schoulmeeschter vu senge Kanner - an engem Boot bei de Xerxes geschéckt. De Sikinnos huet dem Xerxes gesot, datt den Themistokles op der Säit vum Kinnek géif stoen, mä d'Griiche sech net eeneg wieren, a scho vun Trennung a Flucht géif geschwat ginn. De Xerxes huet déi Noriicht gegleeft, an d'Griichen agespaart, sou datt si net vu Salamis fortsegele konnten. Laut dem Herodot woussten d'Griichen näischt vun deene Flottebewegungen, a hu weider hir Versammlung ofgehalen. Elo koum den Aristeides12 vun Aigina dobäi, deen den Themistokles erausgeruff huet, an him vun der persescher Flott erzielt huet. Den Aristeides ass virun d'Versammlung getrueden, an huet d'Lag beschriwwen, wat zu engem Sträit gefouert huet, bis e Schëff vun Tenos d'Ausso vum Aristeides confirméiert huet. Elo waren d'Griiche bereet ze kämpfen. D'Schluecht huet hire Laf geholl, a bal all persesch Schëffer sinn ënnergaangen.

Als Grond fir d'Victoire huet den Herodot déi gutt Schluechtenuerdnung vun de Griiche genannt. Vill Perser, wéi de Feldhär Ariabignes, koumen ëm d'Liewen, well si net schwamme konnten. Vun de Griiche sinn der nëmmen e wéineg gestuerwen, well si sech op Salamis rette konnten. Laut dem Herodot waren déi bescht Griichen d'Aigineten, direkt hanner hinnen d'Athener. No der Schluecht hunn d'Griiche fir en zweeten Ugrëff opgerüst, zu deem et net méi komm ass. De Xerxes, deen Angscht hat, d'Griiche kéinten d'Bréck um Hellespont zerstéieren, huet sech an Asien zréckgezunn.

Nom Diodorus Siculus[änneren | Quelltext änneren]

Den Diodorus Siculus preziséiert, datt den Eurybiades et net fäerdeg bruecht huet, seng Truppen ze motivéieren. A sengem Bericht gesäit hien d'Mierenkt bei Salamis als strategesche Virdeel fir d'Griichen an der Schluecht. Hie schwätzt ausserdeem iwwer d'Schluechtuerdnung. Sou wier de rietse Fligel vun de Perser vun de Phenizier gehale ginn, an de lénkse Fligel vu Griichen, déi d'Land verroden haten. Ausserdeem haten d'ionesch Griichen e Mann aus Samos bei d'Griiche geschéckt, deen hinnen d'Pläng vun der Schluecht vum Xerxes verroden huet.

Um lénkse griichesche Fligel stoungen d'Athener an d'Lakedaimonier, d'Aigineten an d'Megarer hunn de rietse Fligen gehalen, an der Mëtt war de Rescht vun de Griichen. Duerch d'Mierenkt hunn d'Perser hir Linn misse verklengeren, an hir Schëffer op den hënneschte Linne verdeelen. Et koum zum Chaos, wéi d'persescht Schëff mam Admirol ënnergaangen ass. Den Diodorus Siculus schwätzt vun 200 Schëffer op persescher Säit a 40 griichesche Schëffer, déi ënnergaange sinn. D'Phenizier wieren déi éischt gewiescht, déi sech an Asien zréckgezunn hunn, spéider wier déi ganz persesch Arméi vu 400.000 Mann nogezunn.

Nom Plutarch[änneren | Quelltext änneren]

Nom Plutarch suz de Xerxes I. op engem Troun, deen op engem Plateau stoung, an domat konnt hien der ganzer Schluecht nokucken. Den 1.000 persesche Schëffer sollen nëmmen 180 Trireme géigeniwwergestanen hunn, wat vun der haiteger Fuerschung als onméiglech ugesi gëtt. Weider erzielt hien, datt de Lycomedes den éischte Griich war, den e feindlecht Schëff kapere konnt. Iwwer déi eigentlech Schluecht erzielt de Plutarch vun engem Wand, dee kuerz virdrun iwwer Salamis geblosen huet. Well d'griichesch Schëffer schmuel gebaut a gutt géint de Wand gerüst waren, konnte si hir Linn halen. D'persesch Schëffer, méi schwéier, goufen an d'griichesch Schëffer gedriwwen, déi si domat ramme konnten.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Klaus-Jürgen Bremm, Im Schatten des Desasters. Zwölf Entscheidungsschlachten in der Geschichte Europas, Norderstedt, 2003. (ISBN 3 833 404 582)
  • Karl Julius Beloch, "Die Schlacht bei Salamis" in: Klio 8 (1908), S. 477-486.
  • Adolf Wilhelm, Zur Topographie der Schlacht bei Salamis, Wien, 1929.
  • John S. Morrison an John F. Coates, Die athenische Triere. Geschichte und Rekonstruktion eines Kriegsschiffs der griechischen Antike. Verlag von Zabern, Mainz, 1990 (ISBN 3-8053-1125-7)
  • Charles Hignett, Xerxes' Invasion of Greece, Oxford, 1963.
  • Barry Strauss, The Battle of Salamis. The naval encounter that saved Greece. Simon & Schuster, New York 2004. (ISBN 0-7432-4451-6)

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schluecht vu Salamis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

1: Verschidde Quelle ginn ënnerschiddlech Datumer un, sou gëtt den 23., 24. awer och den 28. September ernimmt.
2: Felicia R. Lee "A Layered Look Reveals Ancient Greek Texts". The New York Times. 27. Nov. 2006.
3: Ekdotiki Athinon, Ιστορία του Ελληνικού Έθνους, 1971
4: Garoufalis N. Demetrius, "Η ναυμαχία της Σαλαμίνας, η σύγκρουση που άλλαξε τον ρού της ιστορίας" in Στρατιωτική Ιστορία, Nr. 24, August 1998.
5: Biblioteca Historica XI,3
6: II,27
7: VII,49
8: IV, 93
9: Platon, Gesetzer, III 699 B
10: Vgl. Schluecht vun den Thermopylen
11: Spartaner
12: Den Aristeides war e Géigner vum Themistokles, deen duerch den Ostrakismus verbannt gi war, mä an dëser Noutsituatioun huet hie säi Sträit mam Themistokles vergiess.

Discobolus icon.png Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antikitéit.