Schluecht vu Valmy

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Schluecht vu Valmy
Schluecht vu Valmy.jpg
Jean-Baptiste Mauzaisse
Bataille de Valmy, le 20 septembre 1792.
Datum 20. September 1792
Plaz Tëscht Sainte-Menehould a Valmy
Resultat franséisch Victoire
Kontrahenten
Frankräich
Generol Kellerman a
Generol Dumouriez
Preisen
Herzog vu Braunschweig
Männer op der Plaz
50.000 Männer 80.000 Männer
Revolutiounskricher

D'Schluecht vu Valmy gouf den 20. September 1792 bei Valmy tëscht Preisen a Fransousen am Kader vun de Revolutiounskricher geschloen.

Nodeem Frankräich Éisträich den 20. Abrëll 1792 de Krich erkläert hat, sinn d'Géigner vun der Revolutioun den 18. August 1792 a Frankräich agefall.

Eng Arméi vun 150.000 Männer, eng kombinéiert Trupp aus Preisen, Éisträich an Hessen, ënner dem Herzog vu Braunschweig, Representant vum Kinnek Friedrich Wilhelm II., deene sech 20.000 Emigranten ugeschloss hunn, huet sech op de Grenze vu Frankräich vun Dunkerque bis zur Schwäiz verdeelt. Den 12. August sinn d'preisesch Truppen op franséische Buedem komm, an de 15. hu si sech tëscht Sierck a Lëtzebuerg néiergeloss. De Generol Clairfayt, deen un der Spëtzt vun den Éisträicher stoung, huet d'Kommunikatioun tëscht Lonkech a Montmédy ënnerbrach. Den 19. konnt de Maréchal Luckner 22.000 Éisträicher bei Fontoy klappen.

Den 20. August konnten d'Preisen d'Schluecht vu Verdun fir sech entscheeden, an d'Strooss op Paräis war op. D'Chefkommandante vun de franséischen Arméie goufe verdächteg ; nach éier eng seriös Aktioun konnt ënnerholl ginn, goufen déi dräi Arméie vum Rochambeau, vum Lafayette a vum Luckner ënner de Genereel Dumouriez a Kellermann opgedeelt.

Campagne virun der Schluecht[änneren | Quelltext änneren]

Den 23. August huet sech Lonkech no engem Bombardement vun dräi Deeg erginn, an d'Alliéiert si Richtung Verdun gezunn, wat net méi ze verdeedege war.

De Kommandant op der Plaz, de Beaurepaire, deen d'Stad verdeedege sollt, war sou a senger Éier blesséiert, well de Krichsrot kapituléiere wollt, datt hien eng Pistoul geholl huet, a sech selwer erschoss huet. De jonke Marceau huet sech schlussendlech den 3. September 1792 no der Néierlag erginn. Hien hat säi Päaerd, seng Equipagen a seng Sue verluer.

« Que voulez-vous qu'on vous rende ? huet e Representant vum Vollek gefrot.

- Un autre sabre pour venger notre défaiteCharles Mullié. »

Den 2. September huet den Herzog vu Braunschweig Verdun am Numm vum Kinnek ageholl. D'Invasiounsarméi, déi sech zu Verdun versammelt hat, konnt 80.000 Mann virweisen. De Kinnek vu Preisen war presséiert, säin Zil z'erreechen, an huet der Arméi den Uerder ginn, duerch d'Champagne op Paräis ze marschéieren.

Mä den Dumouriez, dee seng Truppen op Valenciennes gefouert hat, mam Hannergedanken d'Belsch unzegräifen, huet de Preisen de Wee op Paräis verspaart. De Kellermann sollt hie vu Metz aus ënnerstëtzen. De Kellermann ass allerdéngs nëmme lues viru komm, a wéi hien ukomm ass, war den nërdlechen Deel vun der Verdeedegung schonn zerstéiert. Den Dumouriez huet d'Front gewiesselt, seng riets Flank stoung an der Argonne, seng lénks Flank Richtung Châlons an an dëser Positioun konnt de Kellermann seng Jonktioun zu Sainte-Menehould den 19. September 1792 maachen.

De franséische Generol Dumouriez.

Den Dumouriez huet viru Sainte-Menehould, op engem Plateau säi Lager opgeschloen, deen iwwer de Wise louch, déi direkt op Châlons gefouert hunn. Dës Positioun huet sech rietser Hand op d'Aisne gestäipt, lénkserhand war eng Supp. En enken Dall huet de Camp vun den Héichte vun Iron getrennt, wou d'Preisen hiert Lager opgeschloen haten. Tëscht dësen zwou Héichte louch e Baseng vu Wise mat klengen Hiwwelen, um héchsten Hiwwel stoung d'Mille vu Valmy.

De Kellermann ass den 18. September zu Dampierre-le-Château ukomm, wou hien eng Noriicht vum Dumouriez krut, fir him déi bescht Positioun fir seng Truppen ze soen. Den Dag drop ass de Kellerman mat senge Männer iwwer d'Auve komm, mä hie war knapps op der Plaz ukomm, déi den Dumouriez him virgeschloen hat. Hie war dovun awer guer net iwwerzeegt, an ass op Sainte-Menehould gerannt, fir dem Chefgenerol Bescheed ze soen, wéi geféierlech dës Positioun dach wier.

Den Herzog vu Braunschweig hat an der Tëschenzäit ëmgedréint, fir dem Dumouriez zu Châlons de Wee ofzeschneiden. De Kellermann huet seng lénks Flank no fir op de Plateau hanner der Mille vu Valmy tëscht Sainte-Menehould a Valmy geschéckt.

Oflaf vun der Schluecht[änneren | Quelltext änneren]

Virun dräi Auer an der Nuecht, den 20. September, waren d'Preisen an d'Éisträicher schonn a Bewegung, an d'preisesch Avant-garde ënner dem Kommando vum Prënz zu Hohenlohe-Singelfingen, sollt gläich déi vum Kellermann begéinen, déi am Duerf vun Hans hiert Lager haten. D'Attack vum Feind huet séier kloer gemaach, datt et hei ëm eng seriös Affär goung, an net nëmmen e klengen Ugrëff vu Virposten. D'koaliséiert Arméi wollt déi zwou kleng Arméien déi hinnen am Wee stounge mat engem Schlag aus dem Wee raumen.

D'Avant-garde vum Géigner ass op Hans, tëscht der Bienne an der Tourbe, gezunn, während de groussen Deel vun der Arméi de Floss weider erop bei Somme-Tourbe gaangen ass, d'Éisträicher vum Generol Clairfayt hannendrun.

Wéi de Kellermann gewuer ginn ass, datt seng Avant-garde ugegraff gi war, huet hien d'Zelter zesummerappe gelooss, a sech Richtung Sainte-Menehould op de Réckwee gemaach. Et war keng Zäit méi, nachdeemol iwwer d'Auve ze marschéieren. D'Avant-garde konnt net laang duerchhalen, an de Kellermann huet schonn Dispositiounen ergraff, fir eng normal Schluecht hei ze schloen.

De franséische Generol Kellermann.

Bis ëm déi siwen Auer huet en décken Niwwel verhënnert, datt sech d'Kontrahente géigesäiteg kloer gesinn hunn. Wéi den Niwwel lues awer sécher verschwonnen ass, gouf op béide Säite mat der Artillerie geschoss (dohier och den Numm Canonade de Valmy), ouni datt dëst op béide Säite vill Affer gefuerdert huet. Géint 10 Auer huet de Kellermann, deen am Zentrum stoung, d'Manöver vum Géigner analyséiert, wéi säi Päerd duerch eng Kanoun ënner him gestuerwen ass. Am selwechte Moment ass d'Munitiounslager an d'Luucht gaangen, vill Zaldote goufe blesséiert. An dëser Hektik sinn och vill Zaldote geflücht, an hunn de Rescht Munitioun matgeholl. En Deel vun der Infanterie huet e Réckzuchmanöver ugefaangen, wat nëmmen zu nach méi Onrouen an Onsécherheete gefouert huet. De Kellermann ass selwer op d'Plaz gaangen, an huet d'éischt Positioun ageholl.

Den Herzog vu Braunschweig, dee gemierkt huet datt d'Artillerie net duergaangen ass, fir d'Fransousen ze klappen, huet eng séier Attack versicht. Géint 11 Auer gouf d'Feier verduebelt, an hien huet dräi Kolonne fir d'Attack opgestallt, déi vun der Kavalerie ënnerstëtzt goufen.

De Kellerman huet dunn och den Uerder ginn, no fir ze goen. Hien huet seng Arméi a Kolonnen opgestallt, an hinne gesot : « Camarades, voilà le moment de la victoire; laissons avancer l'ennemi sans tirer un seul coup de fusil, et chargeons-le à la baïonnette. »

D'Arméi, déi voller Enthousiasmus war, huet geäntwert a gejaut : Vive la nation !

D'Preise ware liicht iwwerrascht, an de Kellermann huet gejaut : "La victoire est à nous !". D'Artillerie huet d'Kugelen iwwer d'Käpp vun de Preise gejot, an den Herzog vu Braunschweig huet den Uerder zum Réckzuch ginn.

De preiseschen Herzog vu Braunschweig.

Bis 4 Auer gouf weidergeschoss. D'Preisen hunn op en Neist versicht, mat hire Kolonnen eng nei Attack op d'Been ze stellen, mä d'Fransousen hu si op en Neist net duerchgelooss. Géint siwen Auer owes sinn d'Koaliséiert nees op hir ursprénglech Positiounen zréckgezunn, an hunn de Fransousen d'Schluechtfeld iwwerlooss.

De Réckzuch vun de Preisen huet vill Leit erstaunt, an natierlech koum et zu Rumeuren : hat de Braunschweig net d'Diamante vun der franséischer Kroun, déi de 16. September geklaut gi ware vum Danton ofkaf ? Dës Diamante goufen 1806 an der Ierfschaft vum Herzog fonnt. D'Preisen haten allerdéngs och e Gesondheetsproblem (Dysenterie) an e puer Deeg viru Valmy hate Russland an Éisträich Polen ageholl. D'Preisen hunn hir Arméi also op enger ganz anerer Plaz gebraucht, fir och e Stéck vum polnesche Kuch ze kréien.

D'Schluecht ass virun allem duerch den immensen Asaz vun der neier Artillerie vum Fransous Gribeauval an de Gediechtnisser bliwwen. Déi zwou Arméie waren zwar um Schluechtfeld, mä hunn net wierklech deelgeholl. D'Fransousen haten 300 Doudeger ze bekloen, bei de Preise waren et der 184.

Den Akt vum Réckzuch vun de Preisen, gouf um Schlass vun Hans, wou den Herzog vu Braunschweig gewunnt huet, ënnerschriwwen.

Konsequenzen[änneren | Quelltext änneren]

Den Dag drop, den 21. September, koum d'Noriicht op Paräis. D'Convention nationale, déi sech elo sécher gefillt huet, huet d'Republik ausgeruff. D'Victoire vu Valmy war virun allem eng moralesch Victoire. Deselwechten Dag huet sech de Kellermann op den Héichte vu Voilemont néiergelooss, d'Front war duerch d'Auve ofgeséchert, a seng riets Flank duerch déi lénks Flank vum Dumouriez.

D'Schluecht vu Valmy war den Ufank vum Mythos vum bewaffnete Bierger, wouraus d'Konskriptioun entstanen ass. Den 22. Oktober huet d'koaliséiert Arméi de franséische Buedem verlooss.

De Goethe, deen als Begleedung vum Herzog vu Sachsen-Weimar-Eisenach bei der Schluecht dobäi war, huet a sengem Rapport Kampagne in Frankreich geschriwwen :

Von hier und heute geht eine neue Epoche der Weltgeschichte aus, und ihr könnt sagen, ihr seid dabei gewesen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schluecht vu Valmy – Biller, Videoen oder Audiodateien
Rév-fran0.jpg Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.