Schluecht vu Waterloo

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schluecht vu Waterloo
Sadler, Battle of Waterloo.jpg
Schluecht vu Waterloo. gemoolt vum William Sadler
Datum 18. Juni 1815
Plaz Waterloo,
20km vu Bréissel ewech
Resultat franséisch Défaite
Kontrahenten
England
Preisen
Frankräich
Truppen op der Plaz
116 000 Mann 72 000 Mann
Koalitiounskricher

D'Schluecht vu Waterloo huet sech den 18. Juni 1815 bei Waterloo südlech vu Bréissel (Belsch) ofgespillt. Si ass zu Enn gaange mat der entscheedender Victoire vun zwou Arméien: där vun den Alliéierten, déi sech haaptsächlech aus de Briten an den Hollänner zesummegesat huet an ënner dem Kommando vum Herzog vu Wellington stoungen, an där vu Preisen, mat dem Marschall Blücher un der Spëtzt. Dësen zwou Arméien stoung déi franséisch Arméi ënner dem Kommando vum Keeser Napoléon I géintiwwer.

Et war dem Napoléon Bonaparte seng lescht Schluecht. Hien hat Frankräich erëm ënner Kontroll bruecht an der Period, déi besser bekannt ass ënner dem Numm Period vun den 100 Deeg. Och wann den Napoléon virhat, de Kampf mat frëschen Truppen virunzeféieren, huet hie 4 Deeg no sengem Retour op Paräis missen ofdanken, well hien do keng politesch Ënnerstëtzung méi fonnt huet.

De Léif vu Waterloo um Memorial vun der Schluecht
Commons: Battle of Waterloo – Biller, Videoen oder Audiodateien