Schluecht vun Omdurman
|
|||||||||||||||||
| Schluecht vun Omdurman | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Konflikt | Mahdistenopstand | ||||||||||||||||
| Datum | 2. September 1898 | ||||||||||||||||
| Plaz | nërdlich vun Omdurman am Sudan | ||||||||||||||||
| Resultat | Groussbritannien huet gewonnen | ||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
An der Schluecht vun Omdurman am Sudan huet den 2. September 1898 eng britesch-egyptesch Arméi ënner dem Sirdar (Chef Suprème) vun der egyptescher Arméi, dem Horatio Herbert Kitchener d'Unhänger vum 1885 verstuerwene Mahdi ënnert hirem neie Leader dem Abdallahi ibn Muhammad niddergemaach. D'Schluecht bedeit d'Enn vum Mahdistenopstand an erméiglecht d'Ëremeruewerung vum Sudan duerch déi anglo-egyptesch Arméi.
Resultat [änneren]
D' Schluecht gëllt an technesch-taktescher Hinsicht als en Dréipunkt an der Militärgeschicht, dei den Ivergank tëschen der Kriechsféierung vum 19. a vum 20. Joerhonnert markéiert. Dat kënnt dohier, datt engersäits während hirem Verlaf eng vun den leschte frontale Kavallerieaattacke vun der Weltgeschicht geridde gouf, annererseits goufe vun de Briten an deem Kampf fir déi éischte Kéier déi nei entwéckelt Maxim-Maschinengewierer a grousser Zuel agesat.
No der Schluecht gouf Omdurman an dat vum Mahdi zerstéiert Khartum besat, dat dunn erëm vum Lord Kitchener nei opgebaut gouf. D' Mahdiste lafen an de Süde fort. Do kontrolléiere se bis 1899 d'Gebitt vun Darfur bis op d'Grenz vun Ethiopien. Am Oktober 1899 schéckt de Lord Kitchener 8.000 Zaldoten fir den Abdallahi ibn Muhammad definitif auszeschalten. An der Schluecht vun Umm Diwaykarat an der Provënz Kordofan gouf deen du geklappt, an e koum dobäi ëm d'Liewen.
Dat zréckeruewert Land gouf net un Egypten zréckginn, mee 1899 als anglo-egyptescht Kondominium konstituéiert mat dem Lord Kitchener als éischte Generalgouverneur. Well en d'Schluecht gewonnen hat krut de Kitchener, den 1. November 1898, den Titel vun engem Barong (Lord Kitchener of Khartoum and of Aspall in the County of Suffolk), an de Bathuerden. Direkt dono koum et zur Faschoda-Kris.
Literatur [änneren]
- Terry A. Brighton: The last charge. Queen Victoria's lancers and the battle of Omdurman, The Crowood Pree, Malborough 1998, ISBN 1-86126-189-6
- Donald Feathertone: OMDURMAN 1898, Osprey, London 1993, ISBN 1-85532-368-0
- Donald F. Featherstone: Omdurman 1898. Kitchener's victory in the Sudan, Praeger, Westport, Conn. 2005, ISBN 0-275-98631-4
- Arthur Hodges: Kitchener, Vorhut-Verlag, Berlin 1937
- John C. Pollock: Kitchener. The road to Omdurman, Constable Books, London 1998, ISBN 1-09-479140-6
- Philip Ziegler: Omdurman, Pen & Sword Books, 2003, ISBN 0-85052-994-8
- G. W. Steevens : With Kitchener to Khartum, ISBN 1-84342-158-5