Schmëdd (Ëlwen)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lieu-dit an der Gemeng Ëlwen. Fir d'Schmëdd bei Fëschbech, kuckt wgl. Schmëdd (Fëschbech).
Schmëdd
Schmëtt
Den Akafszenter op der Schmëdd (2013)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Huldange-Forge
de: Schmiede
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Ëlwen
Buergermeeschter Édouard Mertens
Koordinaten 50° 10’ 47.9’’ N
      06° 01’ 25.6’’ O
Stroosseschëld mam Numm an der lokaler Schreifweis
De fréieren Dräilännereck

D'Schmëdd (lokal: Schmëtt[1]) ass e Lieu-dit an der Gemeng Ëlwen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Schmëdd läit op enger Héicht vu 540 m nërdlech vun Huldang an ass déi nërdlechst Uertschaft vu Lëtzebuerg. Se läit direkt op der belscher Grenz, op der Nationalstrooss 7, déi do an déi belsch N68 a Richtung Vielsalm iwwergeet.

Tëscht 1839 an 1919 war op der Schmëdd de lëtzebuergesch-belsch-preiseschen Dräilännereck.

Haut ass do en Akafszentrum an e puer Bensinnsstatiounen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schmëdd (Ëlwen) – Biller, Videoen oder Audiodateien


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Gearchiveerd op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.