Schmelz

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Arbed-Belval aus der Loft am Abrëll 1991

Eng Schmelz ass eng industriell Installatioun, déi als Zil huet, duerch Aschmëlze vu Matière eng aner Matière hierzestellen, déi verschafft a verkaaft ka ginn.

Etymologesch kënnt d'Wuert Schmelz vum Verb "schmëlzen", dat eng Ännerung vum chemeschen Agregatiounszoustand vun enger Matière bedeit.

An der Entwécklung vun der lëtzebuerger Siderurgie hu Schmelzen zu Lëtzebuerg eng grouss Roll gespillt.

Aus Äerz, notamment lëtzebuerger Minette, déi virun allem am Süde vum Land an der sougenannter Minettsgéigend ofgebaut ginn ass, ass a Schmelzen verschafft ginn.

Produktiounsweis [änneren]

An Héichiewe gëtt mat Hëllef vu Brennmaterial (dacks Kock) Äerz esou erhëtzt, datt d'Metall sech aus dem Steen léist. Dat elo flëssegt, also ageschmolzent Material, gëtt iwwer Eisen- oder Stolstroosen aus dem Héichuewe geleet an zu diverse Produkter verschafft.

Standuerter vu Schmelzen zu Lëtzebuerg [änneren]

  • Déi Diddelenger Schmelz déi Matgrënnerin vun der ARBED war, gouf an den 80er Joren, wéi d'Flëssegphas duerch grouss Elektroiewen ersat gouf, deelweis ofgerappt, an et ass just e kaalt Walzwierk an eng Verzénkungsanlag am Greisendall stoe bliwwen.
  • Ee vun den éischten Héichuewe stoung tëscht Fëschbech an der Fiels. D'Reschter kann een am Bësch, net wäit vun de Frelleweiere vu Fëschbech op der Schmëdd gesinn, ongeféier 300 Meter vum rietsen Uwänner vun der Wäisser Iernz. De Schmelzeweier ass och nach do ze gesinn, an de Flouernumm Nei Schmelz erënnert drun, datt do mol eng Schmelz stoung.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Schmelzen – Biller, Videoen oder Audiodateien