Schmidt-Newton-Teleskop

Vu Wikipedia
Stralegank am Schmidt-Newton-Teleskop

De Schmidt-Newton-Teleskop (ofgekierzt SN-Teleskop) zielt zu de Spigelteleskopen an ass eng Variant vum Newton-Teleskop.

Iwwersiicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Ausféierung vu sou Teleskope geet op de Schmidt-Teleskop vum Optiker Bernhard Schmidt souwéi op den Naturfuerscher Isaac Newton zeréck. Wéinst e puer Kompromesser, op déi aus praktesche Grënn agaang gouf, gëtt d'Leeschtungsfäegkeet vum Schmidt-Teleskop net erreecht. Duerch d'Kombinatioun vu Lënsen a Spigelen handelt et sech ëm e katadioptresche System.

Am Tubus vum Schmidt-Newton-Teleskop gëtt d'Liicht vum sphäreschen Haaptspigel gebëndelt an trëfft op de flaache 45°-Sekundärspigel, deen d'Liicht säitlech aus dem Tubus an den Okular leet. De Sekundärspigel ass an der Mëtt vun enger dënner asphärescher Glasscheif (Schmidt-Plack) duerch eng Spigelfaassung als separat optescht Glidd ugemaach. D'Korrektiounsplack behieft déi sphäresch Aberratioun vum Haaptspigel komplett a minimiséiert d'Koma vum ganze System.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schmidt-Newton-Teleskop – Biller, Videoen oder Audiodateien