Schmuelspurbunn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Als Schmuelspurbunn ginn am Allgemenge Bunne bezeechent, deenen hir Spurwäit méi kleng wéi d'Normalspur (1435 mm) ass.

Schmuelspurbunnen hunn den Avantage datt se méi einfach a méi bëlleg ze baue si wéi Normalspurbunnen. Well d'Spurwäit net sou grouss ass kënne méi enk Kéiere gebaut ginn, wat wichteg war bei Konstruktiounen duerch schmuel Däller mat villem Gekrénkels. Well d'Rullmaterial och net sou schwéier ass, brauch den Ënnerbau net sou staark gebaut ze ginn, wat d'Käschte vum Bau relativ niddreg hält.

E groussen Nodeel ass allerdéngs, datt beim Giddertransport muss ëmgeluede ginn, wa Wueren déi vun enger Normalspur kommen, musse weidergeleet ginn.

Fir datt dat net huet musse vun Hand gemaach ginn, goufe sougenannte Rullbéck benotzt, op déi d'Waggonen vun där enger Spur dropgesaat goufe fir op der anerer kënne weiderzefueren.

E Rullbock

Am grousse Ganzen ass d'Lafrou vum Zuch och méi kleng wéi bei der Normalspur. Dofir goufe Schmuelspuerbunnen haaptsächlech do agesat, wou et net op d'Vitesse ukënnt a wou manner Plaz fir de Bau do war. (Biergbunnen, Minièresbunnen, Tram, Festungsbunnen).

De Gebrauch vum Numm Schmuelspurbunn ass net iwwerall deselwechten. A Länner wou eng Schmuelspurbunn d'Haapteisebunnsnetz duerstellt ginn als Schmuelspurbunn nëmmen déi Bunne bezeechent, déi nach méi schmuel sinn. (z. B. Südafrika Kapspur oder Japan, Meterspur an Indien, Kenia, Tunesien)

Verschidde Spurwäiten[änneren | Quelltext änneren]

Déi wichtegst Spurwäite bei Schmuelspurbunne sinn: 600 mm (Feldbunnen), 750 mm, 760 mm ("Bosnesch Spur"), 785 mm, 891 mm (fréier vill a Schweden gebraucht), 900 mm an 1000 mm ("Meterspur") an 1067 mm ("Kapspur").

Zu Lëtzebuerg goufen déi meescht Schmuelspurbunne vun 1890 un ugeluecht, a sinn nom Zweete Weltkrich duerch d'Opkomme vu staarke Camionen lues a lues verschwonnen.

Haut gëtt et der nach e puer zu Lëtzebuerg als Museumsbunnen an Touristenattraktiounen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schmuelspurbunnen – Biller, Videoen oder Audiodateien