Schnëtt (Film)

Vu Wikipedia
De Regisseur Brad Mays beim Schnëtt vu sengem Film Stage Fright (1987)

An der Filmproduktioun ass de Schnëtt (fr: Montage; eng. film editing) en Deel vun der kreativer Postproduktioun vum Filmschafen. Dobäi gëtt Toun- a Bildmaterial, dat virdrun opgeholl gouf, beaarbecht a strukturéiert fir de fäerdege Film ze maachen.

D'Wuert Schnëtt kënnt vun der fréierer Aart a Weis wéi mam Film geschafft gouf. Haut gëtt awer meeschtens mat digitaler Technologie geschafft. Déi Persoun, déi fir de Schnëtt vum Film responsabel ass, gëtt Filmediteur oder Monteur genannt.