Schorsch Mayer

Vu Wikipedia

De Schorsch Horst Mayer, gebuer den 20. Januar 1940, zu Stuttgart-Bad Cannstatt, ass e lëtzebuergesche Moler mat däitschen Originnen.

No senge Konschtstudien op der Staatlichen Akademie der Bildenden Künste zu Stuttgart krut hien 1966 säin Diplom fir Konscht z'enseignéieren.

1968 huet hie sech mat der Lian Reckinger bestuet, an 1972 si se op Lëtzebuerg geplënnert. De Schorsch Mayer war zanterhier, bis zu senger Pensioun, Chargé de cours an den Owescoursen am Lycée technique des Arts et Métiers um Lampertsbierg.

Vun 1984 un huet hien op der Schläifmillen mat senger Fra en Atelier.

Zanter Mëtt 2007 ass de Schorsch Mayer Lëtzebuerger Staatsbierger.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Am Oktober 1997 am "Tutesall" Peintures 1987-1997.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Richard Hiepe: Fenster auf eine lichterfüllte Welt: der Maler Schorsch Mayer. In: Bildende Kunst, 1976, Heft 11, p. 542 – 545.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]