Schoulgesetz vun 1912

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Schoulgesetz vun 1912 gouf de 25. Juni 1912 an der Chamber gestëmmt. Heibäi huet et sech ëm e neit Gesetz gehandelt wat d'Primärschoulen zu Lëtzebuerg betraff huet an ënner anerem folgendes nei agefouert huet:

  • d'Schoulgeld gouf ofgeschaaft,
  • 7 Joer Schoulflicht goufen agefouert,
  • Lëtzebuergesch ass Flichtfach ginn.

Ausserdeem gouf folgendes festgeluecht, wat vu kierchlecher Säit heftegst kontestéiert gouf:

  • d'Bestëmmung, datt de Schoulmeeschter am Reliounsunterrecht matschaffe muss, ass fale gelooss ginn,
  • d'Schoulmeeschteren hu keen Zertifikat iwwert hire reliéise Liewenswandel méi brauchen ze presentéieren, fir ernannt ze ginn,
  • de Paschtouer, oder säi Vertrieder, war net méi zoustänneg fir d'Iwwerwaachung vum Enseignement.

D'Chamber huet dëst Gesetz mat 34 Stëmmen derfir, 17 dergéint an 1 Enthalung ugeholl. Deem virausgaange war eng joerelaang politesch Diskussioun tëscht dem sougenannte Lénksblock op där enger Säit, an dem "Rietsblock" op där anerer.

Den 10. Juli 1912 huet de Generaldirekter, deemools war dat den Titel vum Minister, Pierre Braun der Groussherzogin Marie-Adelheid dëst neit Gesetz virgeluecht fir z'ënnerschreiwen. Si huet dat schliisslech den 10. August 1912 gemaach, obschonns et eng Gewëssensfro fir si bedeit huet. Als déif kathoulesch Persoun ass et hir schwéiergefall, e Gesetz ze sanktionéieren, dat vun der kierchlecher Obregkeet als inacceptabel an onausféierbar bezeechent gi war.

D'Zécke vun der Groussherzogin bei der Ënnerschrëft, wat eng implizit Stellungnam bedeit huet, war eng vun de Kritiken, där se 1919 ausgesat war, an déi zu hirem Récktrëtt gefouert hunn.

[änneren] Ausbléck

Och wann et ëmmer nees Ännerungen an Ergänzunge gouf, sou huet et bis 2009 gedauert bis dës d'Schoulgesetz fir zerguttstert ersat gouf duerch d'Schoulgesetzer vun 2009.

[änneren] Literatur

  • Calmes, C., 1977. La loi scolaire de 1912. In: Christian Calmes: Au fil de l'Histoire, Éditions de l'Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, S. 49-165.
  • Kirsch E., Maas J. & Reding J.-C., 1987. La loi Braun de 1812: la libération de l'instituteur. Editions FGIL, Luxembourg, 128 p.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht