Schrëftaart

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Als Schrëftaart bezeechent een an der Typographie déi graphesch Gestaltung vun engem Zeechesaz. Schrëftaarte ginn dacks och Font oder Schrëft genannt.

Et gëtt verschidde Schrëftaarte fir gestalteresch Ënnerscheeder duerstellen ze kënnen, awer och fir déi beschtméiglech Lieserlechkeet z'erreechen an heinansdo och méiglechst vill Plaz ze spueren ouni d'Lieserlechkeet ze veschlechteren.

Schreft.png

Serifen[änneren | Quelltext änneren]

Serifen (op frz. enpattements) si kleng Strécher un den Extremitéite vun de Buschtawen. Si verbesseren d'Lieserlechkeet vun engem gedréckten Text, mä erschwéieren dat séiert Erkenne vu Wieder z. B. op Plakater. Sou muss jee no Situtatioun eng Schrëft mat oder ouni Serife gewielt ginn. D'Beispiller 1-3 a 6 hu Serifen, 4 a 5 hu keng.

Kursiv[änneren | Quelltext änneren]

Eng kursiv Schrëft (italic, Beispill 2) staamt vun der Schreifschrëft of an ass (meeschtens) no riets geluecht. Am Géigesaz zu enger schréier Schrëft (slanted, Beispiller 3 a 5) gi verschidde Buschtawen duerch eng aner Schreifweis ersat z. B. den "a" an de "g".

Proportional Schrëft[änneren | Quelltext änneren]

Bei enger proportionaler Schrëft huet all Buschtaf déiselwecht Breet (Beispill 6). Fir bei besonnesch schmuele Buschtawe wéi "i" oder "l" net ze vill wäiss ze loosse kréien dës besonnesch grouss Serifen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schuler, Günter: Der Typo Atlas, 2000, Smartbooks Publishing. 524 S.
Commons: Fonts – Biller, Videoen oder Audiodateien