Schwäizer Schockela

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Schwäizer Schockela huet mat der Schwäizer Aueren- a Maschinnenindustrie fir déi gutt Renommée gesuergt, déi Schwäizer Produkter zënter Joerzéngten hunn.

De Schockela koum am Laf vum 16. Joerhonnert an Europa. Aus dem 18. Joerhonnert sinn nëmmen e puer Handwierksbetriber aus dem Tessin oder ronderëm de Genfer Séi bekannt, déi Schockela produzéiert hunn.

Nodeems de François-Louis Cailler 1819 d'Firma Chocolat Cailler gegrënnt hat, déi mat Kakaopudder a Schokela gehandelt huet, a kuerz drop déi éischte Schwäizer Schokelafabrik opgemaach huet, huet dat Ganzt sech séier weiderentwéckelt.

D'Erfindung vum Mëllechschockela 1875 duerch den Daniel Peter, den Eedem vum François-Louis Cailler, an déi vum Fondantschokela duerch de Rodolphe Lindt huet mat derzou bäigedroen, datt an der Mëtt vum 19. Joerhonnert de Schwäizer Schokela e Begrëff gouf a ganz Europa.

1930 huet Nestlé den éischte wäisse Schockela produzéiert.