Schwëllkëscht

Vu Wikipedia
Oppe Schwëllkëscht un der Klais-Uergel an der Parkierch St. Willibrord zu Kleve-Rindern

D'Schwëllkëscht ass en Deel vun enger Uergel.

Well normalerweis d'Stäerkt vum Toun vun enger Uergelpäif net ka beaflosst ginn, besteet d'Méiglechkeet verschidden Uergelregësteren an eng sougenannte Schwëllkëscht ze montéieren. Dat ass eng Këscht, bei där eng Säit aus Schaute besteet déi méi oder manner opgemaach kënne ginn, a sou méi oder manner Toun erausloossen.