Schwaarz Muttergottes

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Schwaarz Muttergottesfigur zu Esch-Sauer

Schwaarz Muttergottes, och nach Schwaarz Madonna genannt, bezeechent Mariebiller, déi schwaarz sinn. Dëst kann entweder duerch e schwaarzen Ustrach sinn, duerch den Alter vum Material oder duerch de Rouscht vu Käerzen, déi beim Gebiet ugefaange ginn.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Schwaarz Muttergottes vun Esch-Sauer

Déi Schwaarz Muttergottes vun Esch-Sauer gouf den 12. September 1910 ageweit. Als Merci fir hir Heelung huet eng kriibskrank Fra dës Statu op der Spëtz vum Schlassbierg opriichte gelooss. Um Sockel, op deem se zënter Hierscht 1933 steet, ass de Chronogramm "EXTRVXERE - AVX/ILIATRICI - SVAE - CIVES - ESCH AD SVRAM" ze liesen (D'Awunner vun Esch-Sauer hunn se zu hirer Ënnerstëtzung opgeriicht = 1910). Déi 3 Meter héich Staut ass aus Koffer gegoss, a gouf vun der oochener Firma Gottfried Lützeler de Stolberg hiergestallt. Et ass eng Kopie vun der „Vierge Couronnée“ vu Lourdes, déi op der Esplanade vis-à-vis vun der Basilika steet.

An der Ardennenoffensiv gouf d'Statu staark beschiedegt, duerno awer erëm restauréiert. D'Allee mat de Käschtebeem gouf den 2. November 1939 ugeplanzt. De 15. August 2010 war d'100-Joer-Feier vun der Muttergottes-Statu zu Esch-Sauer[1].

[änneren] Schwaarz Muttergottes an der Kierch vum Stadgronn

Déi Schwaarz Noutmuttergottes mat hirem Barockaltor am Stadgronn

An enger Säitennisch vun der Kierch Abtei Neimënster steet déi Schwaarz Muttergottes, och nach Noutmuttergottes genannt. Si koum 1805 mat dem Barockaltor aus der Abtei Mariendall an de Stadgronn.

Dës Statu aus dem 14. Joerhonnert staamt wuel vun der Parler-Kënschtlerfamill. Den Albert Hames huet d'Statu restauréiert.

D'Pilgere bei d'Schwaarz Muttergottes dauert vum 1. Freideg an der Faaschtenzäit bis zum Freideg virum Karfreideg.

[änneren] Bekannt Schwaarz Muttergottessen an Europa

Nuestra Señora de Argeme, Coria, Spuenien

[änneren] Linken

[änneren] Referenzen

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Black Madonna – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen