Science Festival

Vu Wikipedia
Roboter Atelier

De Science Festival ass e lëtzebuergesche Wëssenschaftsfestival deen am Kulturjoer 1995 entstanen ass an am Prinzip all zwee Joer stattfënnt. De Science Festival déngt dozou, Wëssenschaftskultur a wëssenschaftlech Fuerschung zu Lëtzebuerg virzestellen, z'ënnerstëtzen a weider ze dreiwen. Zanter dem Joer 2005 gëtt de Festival am Gronn organiséiert, an de Raimlechkeete vum Naturmusée a vun der Abtei Neimënster. De Science Festival gëtt ënnerstëtzt vum Kulturministère, vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung a vum nationale Fuerschungsfong.

Virstellung[änneren | Quelltext änneren]

De Science Festival soll op eng einfach, verständlech a spilleresch Manéier d'Technik, d'Mathematik an Naturwëssenschaften de Kanner, Jugendlechen an natierlech och den Erwuessene méi no bréngen. Aus dem Staunen eraus an dem Virwëtz soll de Visiteuren d'Geheimnisser vun der Wëssenschaft an Technik interaktiv an nom Motto Hands-on Science virgestallt ginn.

An den eenzelen Ateliere kann d'ganz Famill wärend de Weekender, souwéi Schoulklassen a Gruppen op Umellung an der Woch spannend a faszinant Phenomeener mat hire fënnef Sënner entdecken oder bei verschidden Experimenter selwer assistéieren a mat fuerschen. An den eenzele Virféierungen an Ausstellunge kann de Visiteur sech vum neiste Stand vun der Technik iwwerzeegen a sech informéieren oder sech bei Konferenzen un Debatte bedeelegen.

Déi eenzel Aktivitéite gi vu Lycéeën, Universitéiten, Muséeën, Entreprisen a vun aneren nationalen an internationale Fuerschungsinstutitiounen organiséiert an duerchgefouert a stinn sou an enkem Kontakt mam Bierger.

left

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

Editioun Datum Uert Aktivitéiten Visiteuren Kontext, weider Infoen
1 - 1995 03.-12. Nov. Victor-Hugo-Hal 26 10.162 Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 1995
Zesumme mat der Ausstellung Megabugs
2 - 1997 08.-16. Nov. Naturmusée 13 5.622
3 - 2000 10.-19. Nov. Naturmusée & Helleg-Geescht-Plateau 24 13.878 Zousätzlech Science on wheels mat lëtzebuergesch an auslännesch Science-Bussen
4 - 2003 03.-12. Nov. Campus Geesseknäppchen, Uni Lëtzebuerg, verschidde Muséeën 76 > 25.000
5 - 2005 22.-30. Okt. Naturmusée & Abtei Neimënster 46 > 25.000 Weltjoer vun der Physik (UNESCO)
Austauschjoer tëscht dem Vollek vun der EU a Japan
6 - 2007 22.-23. Sept. Naturmusée & Abtei Neimënster 55 7.500 Spezialeditioun Zirkus vun der Wëssenschaft
Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 2007
7 - 2009 12.-15. Nov. Naturmusée & Abtei Neimënster 50 11.000 Internationaalt Joer vun der Astronomie (UNESCO)
Darwin-Gedenkjoer 2009
8 - 2011 10.-13. Nov. Naturmusée & Abtei Neimënster Internationaalt Joer vun der Chimie (UNESCO)
Faarwen (Expoen am Naturmusée an an der Abtei Neimënster)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Aner Wëssenschaftsfestivalen[änneren | Quelltext änneren]