Scientology

Vu Wikipedia
Eng Scientology-Kierch a Schweden

Scientology ass eng nei reliéis Beweegung, déi vum Science-Fiction-Schrëftsteller L. Ron Hubbart (1911-1986) vun 1952 un opgebaut gouf. Si baut op der Dianetik op, e System vu Psychotechniken, dat den Hubbart 1950 beschriwwen huet an dat hien an e Gedankesystem integréiert huet, dat "Scientology" genannt gëtt. Den Hubbart huet Scientology als Relioun ugesinn an 1953 d'Scientology-Kierch registréiert.

Scientology léiert d'Leit, datt si onstierflech Wiese sinn, déi hire richtege Sënn vergiess hunn. Si benotzt eng Method vu sougenannter "spiritueller Rehabilitatioun", enger Aart Therapie, an där de Mënsch bewosst traumatesch oder schlëmm Erfarungen aus der Vergaangenheet erëm nei duerchlieft, fir sech vun hirem Effekt ze befreien a sou net dovun zeréckgehalen ze ginn. D'Unhänger kréie Léiermaterial a Coursen, fir déi si awer bezuele mussen, wat vun der Kierch als "fixen Don" beschriwwe gëtt. Scientology ass legal unerkannt als Relioun an den USA, Südafrika, Australien, Schweden, Holland, Neiséiland, Portugal a Spuenien. Am Géigesaz dozou gëtt se an der Schwäiz legal als kommerziell Entreprise, a Frankräich an am Chile als Sekt an an Norwegen als ONG ugesinn. Hir legal Zouuerdnung ass meescht e Sträitpunkt.

Vun allen neie reliéise Beweegungen, déi am 20. Joerhonnert entstane sinn, ass Scientology déi, iwwer déi et déi meescht Kontroverse ginn. D'Kierch gëtt dacks als "Kult" bezeechent an hir Praktiken goufe vu Kritiker als Gehierwäsch a Bedruch un de Membere beschriwwen. Hir gëtt och virgeworf, si géif hir Kritiker a Leit, déi si als Feind betruecht, psychologesch abuséieren. Dorop äntweren d'Unhänger, d'Scientologie wier eng authentesch reliéis Beweegung, déi falsch a schlecht duergestallt a verfollegt gëtt.

D'Scientology-Kierch verklot reegelméisseg hir Kritiker, an d'aggressiv Aart a Weis mat där si hir Géigner verfollegt, gouf an den engleschsproochege Medien dacks als harassment (Belästegung, Schikan) bezeechent. Eng gréisser Kontrovers dréint ëm de Glawen, datt d'Séil (Thetan genannt) nei gebuer gëtt a virun der Äerd op anere Planéite gelieft huet, an datt d'Memberen Dausenden un US-Dollar un d'Kierch musse bezuelen, éier si bestëmmte Informatiounen geléiert ginn, déi domat ze dinn hunn. De Scientologen hiert Rejetéiere vun der Psychiatrie, déi si als destruktiv an abusiv ugesinn a wëllen ofschafen, ass och ëmstridden.

Expansioun[änneren | Quelltext änneren]

Den L. Ron Hubbard (1950)

D'Unhänger vu Scientology stamen aus alle Bevëlkerungs- an Gesellschaftsschichten. No der Grënnung am Joer 1950 ass d'Zuel vun de Memberen explodéiert. Am Joer 1970 war Scientology eréischt a 17 Länner bekannt. 22 Joer méi spéit waren et der scho sechsmol méi. Matt der Verbreedung vu Scientology iwwer déi ganz Welt geet och d'Zuel vun hire Kierchen, Missiounen an Organisatiounen erop. 50 % vun all de reliéisen Zentre vu Scientology sinn an den U.S.A.

2005 huet d'Scientology-Kierch behaapt, si hätt aacht Milliounen Unhänger, woubäi awer och all d'Leit dozou gezielt goufen, déi just an Aféierungscourse waren.[1] An Däitschland gëtt geschat, datt et 4.000 Scientologe ginn.[2] De Paul Goerens vun Kommissioun Nouvelles Religiosités et Évangélisation vun der Lëtzebuerger Kathoulescher Kierch huet 2012 an engem Interview gesot, en hätt zu Lëtzebuerg zënter Joren näischt méi vun der Organisatioun gesinn.[3] Scientology bezeechne sech selwer als déi schnellst wuessend reliéis Beweegung am 21. Joerhonnert.[4]

Machenschaften[änneren | Quelltext änneren]

D'Scientologen hunn am Ufank ganz intensiv no neie Membere gesicht. Fir awer iwwerhaapt Member ze ginn gëtt een ausgefrot. Duerch Widderhuelunge soll dann de Clear-Zoustand erreecht ginn. Déi Kure fir de "Clear-Zoustand" z'erreeche sinn awer zimmlech deier a kënne mental staark belaaschtend wierken, wat dozou feiert datt ee séier psychesch a finanziell ofhängeg gëtt.

D'Scientology-Kierch benotzt d'Wuert Member net am eigentleche Sënn mä nennt hir Unhänger "staff member", also Mataarbechter, oder "publics", Client. D'Organisatioun huet souguer hir eege paramilitäresch, uniforméiert Truppen, "Sea Org", déi direkt aus der Zentral gesteiert ginn. Nieft der "Sea Org" gëtt et och nach den OSA ("Office of Special Affairs"), dee Kritiker vun der Scientology fannen, aschüchteren an se dozou brénge soll näischt méi ze soen. Ausserdeem ass et ee Geheimdéngscht deen d'Regierunge beaflosse soll.

An Amerika ass Scientology och als Kierch unerkannt a sou vun all Steiere befreit. Scientology huet ausserdeem ee groussen Afloss ob déi US-amerikanesch Regierung déi och schonn géint "Diskriminatioun" vun der Sekt an europäesche Länner protestéiert huet.

Och Prominenter wéi d'Schauspiller Tom Cruise, John Travolta an Ann Archer oder Museker wei den Isaac Hayes kämpfe fir d'Akzeptanz vu Scientology.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. The Washington Post (online), Frank K. Flinn: "Scientology". Live-Diskussioun (5. Juli 2005)
  2. Bayrisches Staatsministerium des Innern, für Bau und Verkehr: Verfassungsschutzbericht 2014 (gekuckt de 5. Juni 2015)
  3. L'essentiel (online): «Scientology ist froh, auf Stars zu zählen» (10. Juli 2012)
  4. scientology.org: SCIENTOLOGY TODAY - The Fastest-Growing Religion in the 21st Century (gekuckt de 6. Juni 2015)