Sclessin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Sclessin ass e Quartier vun der Staat Léck um lénksen Uwänner vun der Meuse. Sclessin grenzt op der Kopp un d'Quartiere Cointe a St. Nicolas. Flossopwäerts stéisst et un Tilleur. Géigeniwwer op der rietser Säit vun der Meuse läit Ougrée a Seraing. Fréier huet Sclessin zur Gemeng Ougrée gehéiert, déi ass awer 1977 an d'Agglomeratioun vu Léck iwwerholl ginn. Éier d'Schmelze sech do laanscht d'Meuse installéiert hunn, war Sclessin haaptsächlich e Residenzduerf fir déi räich Lécker. Dovu gesäit en haut nach e puer schéi Villaen op den Héichte vun der Uertschaft.
Zu Sclessin steet de Stadion Maurice Dufrasne op deem de Standard vu Léck seng Heemspiller spillt.