Scout (Rakéit)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Scoutrakéit beim Start (NASA)

Scout ass eng US-amerikanesch Drorakéit a gouf och vun der European Space Research Organisation (ESRO) gebraucht. Fir de Start wëssenschaftlecher Klengsatellitte gouf vu 1958 un, vun der NASA eng bëlleg an onkomplizéiert Rakéit verlangt. Dës gouf vun der Firma Ling-Temco-Vought Aerospace gebaut. Den erfollegräichen éischte Start war de 4. Oktober 1960.

D'Scout-Rakéit huet an alle 4 Stufen Feststoffdriffwierker gebraucht. Si gouf vu Vandenberg an der Wallops Flight Facility gestart, fir kleng Satellite an den Orbit ze bréngen. An de 1970er Jore gëtt d'Rakéit Scout och vun der viru Kenia verankerter italienescher San-Marco-Plattform gestart.

De leschte Start vun enger Scout-Rakéit war den 9. Mee 1994 vu Space Launch Complex 5 vun der Vandenberg AFB statt an hat de Satellit MSTI-2 an deWeltall geschéckt.

Den einfache Grondopbau an déi kleng finanziell Käschten haten de Scout zu der Basis eegener Entwécklungen an anere Länner, sou Italien, Argentinien an Indien gefouert.

Opbau [änneren]

  • Déi éischt Stuf Algol gouf aus enger Entwécklungsstuf vun der Polaris (SLBM) ofgeleet.
  • Déi zweet Stuf Castor gouf aus dem Driffwierk vun der militärescher Sergeant-Kuerzstreckenrakéit entwéckelt.
  • Déi drëtt Stuf Antares staamt aus der Entwécklung vun der drëtter Stuf vun der Vanguard-Rakéit.
  • Déi véiert Stuf Altair gouf och vun der Vanguard ofgeleet.
  • An e puer Fäll (Scout C an Scout E) gouf nach eng fënneft Stuf Alcyone gebraucht.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Scout – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie