Scy-Chazelles

Vu Wikipedia
Scy-Chazelles
D'Kierch an där de Robert Schuman begruewen ass

D'Kierch an där de Robert Schuman begruewen ass
D'Kierch an där de Robert Schuman begruewen ass
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Metz
Kanton Montigny-lès-Metz
Postcode 57160
Gemengecode 57642
Koordinaten 49° 06’ 52’’ N
      06° 06’ 54’’ O
Fläch  452 ha
Bevëlkerung  2 482 (2005)

Scy-Chazelles ass eng franséisch Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

D'Uertschaft läit um lénksen Uwänner vun der Musel um Südwesthank vum Mont Saint-Quentin.

Scy a Chazelles ware laang zwee verschidden Dierfer, bis se 1809 zesummegeschloss goufen. Op den Häng vum Mont Saint-Quentin ware fréier Wéngerten an deenen an der Hallschent vum 16. Joerhonnert de Roy des Vins produzéiert gouf.

An der Uertschaft gëtt et 13 reliéis Plazen, Kierchen, Kapellen, Kräizer a Gebietsplazen, vun deenen awer déi bekanntst déi befestegt Kierch ass, an där de Robert Schuman begruewen ass.

D'Parkierch ass d'Kierch Saint-Rémi aus dem 6. Joerhonnert, op der Esplanade vis-à-vis vun der Märei.

Aner Plazen a Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Persounen déi mat der Gemeng ze dinn hunn[änneren | Quelltext änneren]

  • De Robert Schuman, franséische Politiker a Pionéier vun der EU huet zu Scy-Chazelles gewunnt, an ass do begruewen.
  • De Paul Tornow, däitschen Architekt a Responsable fir déi historesch Monumenter a Loutrengen tëscht 1892 an 1906 ass do begruewen.

Kuckt och[Quelltext änneren]