SeaWiFS
SeaWiFS (Ofkierzung vun Sea-viewing Wide Field-of-view Sensor) ass dat eenzegt wëssenschaftlecht Instrument u Bord vum GeoEye-Satellit Orb-View-2 (och bekannt ënnert dem Numm SeaStar). SeaWiFS ass d'Nofolgeexperiment vum Coastal Zone Color Scanner u Bord vum Nimbus 7. D'Instrument gouf den 1. August 1997 mat enger Pegasus-Rakéit an d'Äerdëmlafbunn bruecht an hat den 18. September vum selwechte Joer de wëssenschaftleche Betrib opgeholl. De Projet SeaWiFS gehéiert zum NASA-Programm Earth Observing System.
D'Aufgab vum Instrument besteet doran, Donnéeën iwwer d'biooptesch Eegeschafte vun den Ozeanen ze sammelen. Kaum siichtbar Ënnerscheeder an der Faarf vun den Ozeanen weisen op verschidden Aarten a Konzentratiounen vu Phytoplankton hin.
De Sensor zeechent Bilddaten a folgende Wellelängten op:
| Band | Wellelängt |
|---|---|
| 1 | 402–422 nm |
| 2 | 433–453 nm |
| 3 | 480–500 nm |
| 4 | 500–520 nm |
| 5 | 545–565 nm |
| 6 | 660–680 nm |
| 7 | 745–785 nm |
| 8 | 845–885 nm |