Seabourn Cruise Line

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Seabourn Cruise Line ass eng Croisière-Linn aus der héijer Luxus-Class. Dës Linn féiert Croisière rondrëm d'Welt duerch, mat enger Dauer vu siwe bis iwwer 100 Deeg. Si gehéiert der Carnival Corporation a gëtt vun hir zesumme mat Cunard geréiert. Dës Linn ass een Deel vum Grupp vu Croisièren, déi ënnert dem Numm "World's Leading Cruise Lines" ugebuede a vermaart ginn. Zu dësem Grupp gehéieren: Holland America Line, Princess Cruises, Carnival Cruises, Cunard Line, Costa Cruises, Windstar Cruises an och natierlech Seabourn.

Hir Schëffer si bekannt ënner dem Numm Yachts of Seabourn a si kleng genuch fir vill exotesch Plazen an Häfen ze besichen. Hir Kabinne ginn alleguer als Suitë bezeechent a sinn aussergewéinlech gutt equipéiert (Radio,TV, DVD-Player a.s.w.). Am Berlitz Guide for Cruising ginn hir Schëffer mat 5 Stären-Plus bewäert, eng Bewäertung, déi nëmmen e puer Schëffer erreechen.

Seabourn gouf 1986 als Filial vun der gigantescher norwegescher Reederei Kloster Cruise gegrënnt. Hiert éischt Schëff, mat den aneren alleguer baugläich, war de Seabourn Pride, dat 1988 an Déngscht gestallt gouf. D'identesch Seabourn Spirithuet dunn 1989 hir éischt Croisière gemaach. Dat drëtt schonns bestallten identescht Schëff, dat 1990 seng Activitéite starte sollt, konnt wéinst finanzielle Schwieregkeeten net vu Klosters iwwerholl ginn, a gouf dunn 1992 un d'Royal Viking Line ënnert dem Numm Royal Wiking Queen weidergereecht. Nodeems sech d'Eegentumsverhältnisser vun dësem Schëff zwëschenduerch weider geännert haten, koum et 1995 ënner dem Numm Seabourn Legend erëm zréck an de Besëtz vun der Seabourn Line, déi domat dräi Schëffer hat, déi sech wéi een Ee deem anere geglach hunn.

No der Faillite vu Kloster Cruise am Joer 1996, huet Carnival Corporation, d'Controll vun der Seabourn Cruise Line iwwerholl.

Inhaltsverzeechnes

D'Flott [änneren]

Seabourn Spirit

D'Flott besteet elo aus 3 identesche Schëffer:

Am Oktober 2006, huet du Seabourn bekannt gemaach, dat se zwee zousätzlech Luxus-Schëffer vun 32.000 BRT zu Genoa bei der T. Mariotti S.p.A.-Werft bestallt huet. Déi zwee Schëffer, d'Seabourn Odyssey, an een zweet, deem säin Numm nach net feststeet, sollen 2009 an 2010 an Déngscht gestallt ginn, an e Maximum vu 500 Passagéier transportéiere kënnen. 255 Kabinnen a Suitën (dovun 90% mat Privatbalkon) si virgesinn.

Quellen [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Seabourn Cruise Line – Biller, Videoen oder Audiodateien