Sebastián Aguilera de Heredia

Vu Wikipedia
Sebastián Aguilera de Heredia
Gebuer 15. August 1561 jul.
Saragossa
Gestuerwen 16. Dezember 1627
Saragossa
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Komponist, Organist

De Sebastián Aguilera de Heredia, gedeeft de 15. August 1561 zu Saragossa a Spuenien, an do gestuerwen de 16. Dezember 1627 war e spueneschen Organist, Komponist a Geeschtlechen.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Seng Carrière huet 1585 ugefaangen, wéi den Aguilera an der Kathedral vun Huesca Organist gouf. Den 29. September 1603 gouf hien zum Geeschtleche geweit an e krut zu Saragossa d'Plaz vum Haaptorganist an der Kierch La Seo. 1620 huet hie säi Schüler José Ximenez, dee méi spéit säin Nofollger gouf, zu sengem Ramplassang ernannt.

Seng Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Canticum Beatissimae Virginis deiparae Mariae (1618), dora 36 verschidde Magnificaten fir véier, fënnef, sechs oder aacht Stëmmen.
  • Pange lingua a tres sobre tiple.
  • Obra de 8. tono: Ensalada e Stéck am Genre vum Quodlibet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]