Sebastián Piñera
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Miguel Juan Sebastián Piñera Echenique, gebuer den 1. Dezember 1949 zu Santiago de Chile, ass en chileneschen Economist, Geschäftsmann a Politiker. Hie gouf de 17. Januar 2010, als Spëtzekandidat vun der politesch rietser Coalición por el Cambio ("Kolaitioun fir e Wiessel") zum President vu sengem Land gewielt .
De Sebastián Piñera war vun 1990 bis 1998 Senator, a war schonns 2005 Presidentschaftskandidat (deemools vun der mëtt-riets Partei Renuevo nacional); en huet d'Walen awer am zweeten Tour géint d'Michelle Bachelet vun der mëtt-lénkser Concertación verluer.
Wéinst sengem Räichtum (hien ass Milliardär) gëtt hien hei ans do "den chilenesche Berlusconi" genannt.[1]
| Commons: Sebastián Piñera – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ "Sebastian Piñera, le 'Berlusconi chilien'", Le Monde, 15 décembre 2009.
