Seelbunn

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Seelbunn zu Zell am See
D'Schwiefbunn zu Dresden
E Beispill vun enger Standseelbunn, de Schëffslift Plan incliné vu Ronquières. Am Bild ze gesinn den Detail vun de Kontergewiichter.

Eng Seelbunn ass en Transportmechanissem deen doraus besteet datt den Transportbehälter vun engem Seel iwwer horizontal oder och schréi Strecke gezunn gëtt. Lifter déi a Seeler hänke ginn net zu de Seelbunne gerechent.

Den Transportbehälter ka sinn:

  • Bei lassenem Materiel: a Form vun enger Këscht oder Bac, dee bei Minettseelbunnen oder soss Mineraltranportbunnen automatesch opgeet, fir z'entlueden.
  • Bei Schëffer: a Form vun engem Bac
  • Op der Eisebunn: a Form vun engem ganzen Zuch
  • Fir Persounen: a Form vu Sëtzer oder Kabinnen

Et gëtt ënnerscheet tëscht Seelbunnen déi duerch hir eege Gravitéit funktionéieren an där wou d'Zuchkraft iwwer Motoren a Wannen op d'Seel iwwerdroe gëtt.

Dobäi gëtt et där, bei deenen d'Tranportgeschier fest um Seel ugemaach ass, wat bei Gravitéitsbunnen obligatoresch ass, an där bei deenen et kann deblockéiert ginn, wéi bei Seelbunnen am Persounentransport.

Seelbunne bei deenen d'Seel an der Loft hänkt si Loftseelbunnnen. Do gëtt ënnerscheet tëscht Seelbunne mat engem Seel, dat anengems Dro-an Zuchseel ass, a Seelbunne mat zwee Seeler. Loftseelbunnen am Persounentranport kënne Gondelbunnen, och Kabinnebunne genannt, sinn, oder Sessellifter a Funitellen.

Ganz rar fënnt een och Seelbunne mat zwee Droseeler, bei deenen de Waggon op de Seeler leeft amplaz drënner ze hänken. Dës hunn den Avantage dat de Waggon um feste Buedem direkt iwwer eng ofgerënnt Schinn weiderfuere kann, op déi Plaz wou d'Material gebraucht gëtt, an net ëmgeluet muss ginn.

Seelbunne bei deenen d'Transportgeschier um Buedem fiert, sief et op Schinnen oder a Rillen, si Standseelbunnen oder och Funiculairen. Wann d'Schinnen iwwer dem Buedem op Pilieren oder Maste leien an d'Kabinn vu sou enger Bunn ënner der Schinn hänkt gëtt vun enger Seelhänkbunn geschwat.

Bei Schëffer a bei Eisebunne schwätzt en do vun engem Plan incliné oder och Schife Plang.

Kabeltrammen[änneren | Quelltext änneren]

Kabeltramme sinn Tranportsystemer déi um Prinzip vun der Standseelbunn baséieren. Z'ernimme sinn:

  • Zu San Francisco: d'Cable-cars, gebaut 1873, nach 3 Linnen am Déngscht.
  • Zu Lissabon gëtt et nach eng sou Tramslinn.
  • Zu Paräis gouf et den Tramway funiculaire de Belleville (gebaut 1891 - zougemaach 1924).
  • Zu Hong Kong de Peak Tram.

Seelbunnen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]