Segelschëff

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Weltkaart mat Haaptwandrichtungen
Dreimastschoner Mare Frisium segelt
Zeesenboot, um Groussmast mat Klüver-a Focksegel a Gaffelsegel ouni Bam, um Besanmast mat Luggersegel

E Segelschëff (Schëffsnumm dacks mat SS uginn) ass e Schëff, dat ganz oder haaptsächlech opgrond vu senge Segel duerch d'Kraaft vum Wand viru gedriwwe gëtt. Segelschëffer waren zanter der Antikitéit bis zum 19. Joerhonnert déi wichtegst Verkéiersmëttel fir den Transport vu Gidder a Persounen op laange Strecken um Mier. Si goufe vum 19. Joerhonnert un duerch Dampschëffer a Motorschëffer ersat. Bis gutt an dat 19. Joerhonnert eran, waren och déi meescht Krichsschëffer Segelschëffer. Kleng Segelschëffer ginn als Segelboote bezeechent.

Opbau a Klassement[änneren | Quelltext änneren]

Segelschëffer hunn op mannst ee Mast, ee Segel an och als Géigestéck am Waasser e Kiel, deen déif an d'Waasser era reecht, an ee Schwäert oder méi Säiteschwäerter, besonnesch bei Schëffer mat plattem Buedem.

En Ënnerscheed gëtt gemaach tëscht zwou Aarte vu Segelen:

  • Rahsegel, déi an enger Rah ugeschloe ginn an haaptsächlech queesch zur Faartrichtung orientéiert sinn, a
  • Schratsegel, déi a Richtung vun der Längt vun der Schëffssachs ubruecht sinn. Zu de leschte gehéieren:
    • Héichsegel oder Bermudasegel: dräieckege Segel, déi um oder hanner dem Mast ubruecht sinn an deenen hiren ënneschten Deel hanne vun engem Bam opgespaant gëtt.
    • Gaffelsegel, déi d'Form vun engem Trapéiz hunn an un enger Gaffel gefuer ginn.
    • Laténgersegel, dräieckeg oder trapéizfërmeg Segel, déi an der Faartrichtung queesch zum Mast a mat engem Deel virum Mast hänken.
    • Luggersegel, déi tëscht Gaffelsegel a Laténgersegel ze klasséiere sinn an dacks ouni Bam gefuer ginn.
    • Sprietsegel, véiereckegt Segel, déi vum viischten ënneschten Eck bis zum ieweschten Eck vum Mast hänken.
    • Krebsscherensegel
    • Spreizgaffelsegel
    • Stagsegel

Type vu Segelschëffer[änneren | Quelltext änneren]

Net spezifesch Bezeechnunge fir Segelschëffer sinn z. B.: Dräimaster, Grousssegeler, Fënneffmastschëff oder Windjammer.

Berühmt Segelschëffer[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Segelschëffer – Biller, Videoen oder Audiodateien