Sekundärspigel

Vu Wikipedia
De klenge Spigel ass de Sekundärspigel, an déi ganz Zesummestellung ass e Schiefspiegler, well de Sekundärspigel net an der Achs vum Haaptspigel sëtzt.
Sekundärspigel (Detail)

De Sekundärspigel ass en optesche Baudeel vu Spigelteleskopen, deen d'Stralen déi den Haaptspigel reflektéiert, aus dem Teleskoptubus an den Okularstutzen (Observer, Kamera) oder op déi ugeschlosse Moossinstrumenter féiert.

Ënnerschiddlech Spigelformen[änneren | Quelltext änneren]

Jee no Aart vum Teleskop hunn d'Sekundärspigelen en ënnerschiddleche Schlëff:

  • Beim Newton-Teleskop gi Plangspigele gebraucht, déi d'Liicht knapps virum Primärfokus 90° op d'Säit leeden, wou den Okularstutze baussenzeg um Tubus sëtzt. Well de Sekundärspigel ënner 45° montéiert ass, huet e meeschtens eng elliptesch Form (Achseverhältnes 1: 0,707). Sou Spigele ginn och fir den Nasmyth- an de Coudé-Fokus benotzt.
  • Bei den annere Bauaarte sinn et konkav oder konvex Spigelen. Konvex Spigele si bei villen Typpen ze fannen – souwuel bei Observatoire wéi och bei Spigelteleskope fir Amateurastronomen:
  • Konvexspigele ginn z. B. beim Cassegrain-Teleskop gebraucht. Si spigelen d'Liicht duerch eng Buerung am Haaptspigel, hanner deem den d'Okular ass. Duerch hir konvex Form verlängere si d'Brennwäit vum Haaptspigel sou wéi eng Barlowlëns. Doduerch a well de Stralegank zweemol gefaalt gëtt, ass eng kompakt, temperaturbestänneg Bauweis méiglech. Fir eng sphäresch Aberratioun ze vermeide muss de Sekundärspigel beim Cassegrain-Teleskop allerdéngs hyperbolesch geschlaff ginn. De Primärfokus muss mam Brennpunkt vun der Hyperbel deen op der konkaver Säit läit iwwereneestëmmen. Dann ass de Sekundärfokus op der Plaz vum aneren Hyperbelbrennpunkt.
  • Bei katadioptreschen Typpe wéi Maksutov-, Schmidt-Cassegrain- oder Schmidt-Newton-Teleskope fir Amateurastronome sëtzt den Hëllefsspigel bal ëmmer op der Korrekterplack, déi den Tubus no vir zoumécht. Beim Maksutov-Cassegrain besteet en (no Gregory) meeschtens einfach aus engem verspigelte Beräich ëm d'Mëtt vun der Meniskelënserécksäit. De weidere Stralegank verleeft da wéi bei anere Cassegrainen duerch d'Lach am Haaptspigel.
  • Konkav Hëllefsspigele ginn ë. a. fir d'Verkierzung vun der Brennwäit gebraucht – z. B. wann e Spigelteleskop och als liichtstaarken Astrograph gebraucht soll sinn. Allerdéngs huet dat kaum nach gebaut Gregory-Teleskop e konkave Sekundärspigel deen d'Brennwäit verlängert, an elliptesch deforméiert muss sinn, fir keng sphäresch Aberratioun auszeléisen.

Nodeeler vu Sekundärspigelkonstruktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Ofhängeg vu senger Gréisst verklengert e Sekundärspigel d'Opléisungsverméigen (d'Trennschäerft) vum Spigelteleskop, well de Spigelrand an d'Striewe mat deenen hien am Teleskoptubus ugemaach ass, zousätzlech Diffraktioune verursaachen.

Dat ass de Grond, firwat e grad sou grousst Lënsenteleskop Duebelstären oder kleng Detailer op Planéite besser opléise kann. Beispillsweis brauch ee fir en Opléisungsverméige vun 1" en Haaptspigel vu 15 bis 20 cm Apertur, wärend beim Lënsenteleskop en 12-cm-Objektiv dat selwecht leescht. Dat méi grousst Spigelteleskop léisst sech awer méi gënschteg hierstelle wéi dat klengt Lënsenteleskop.

Fir den zousätzleche Béiungen z'entgoen (déi bei helle Stären och Silhouette verursaachen déi sech iwwerkräizen), ass ë. a. de Schiefspiegler entwéckelt ginn (System A. Kutter, Brachyt asw.)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie