Selenographesch Koordinaten
Positiounen um Äerdmound ginn duerch d'Koordinaten selenographesch Breet an selenographesch Längt definéiert. An der Art vun hirer Definitioun entspriechen si der geographescher Breet an der Längt op der Äerd.
D'Bezeechnung Selenographie entsprëcht dem Wuert Geographie a setzt sech aus de griichesche Wierder fir Mound, Selene an zeechnen/ beschreiwen, „grafeïn“ zesummen. Si gouf virun allem duerch d'Aarbechte vum Moundfuerscher Johann Hieronymus Schröter (Haaptwierk "Selenotopographische Fragmente" 1790) an dem Johann Heinrich Mädler (1794–1874, éischte spezielle Moundatlas) an d'Astronomie agefouert.
D'selenographesch Breet bezitt sech op den Moundequator—d.h. déi zu der Rotatiounsachs senkrecht Fläch, déi de Mound an zwou Halschenten deelt. D'Rotatiounspolen hunn d'Breet +90° (Nordpol) a -90° (Südpol). D'selenographesch Längt bezitt sech op e Nullmeridian, deen, am Géigesaz zum Greenwich-Meridian, vun der Geographie net willkürlech festgesat ass, mä sech op d'Mëttelstellung vum Systems Äerd-Mound bezitt:
- De selenographesche Nullmeridian schneid de Moundequator an deem Punkt, deen an der Moyenne en 18½-jährege Zäitraum zum Äerdmëttelpunkt weist. D'Noutwendegkeet vun dëser Definitioun ergëtt sech aus der sougenannter Libratioun. D'Moundbunn verréckelt sech ausserdeem an engem Zäitraum vu ronn 18½ Joeren am Raum.
Eng zweet Besonnerheet vun de selenographeschen zu de geographesche Koordinaten läit am Ënnerscheed tëschent der Mound- an der Äerdfigur. D'Äerd ass en Ellipsoid, während de Mound bal eng ronn Kugel duerstellt. Dofir muss net tëschent ellipsoidescher Breet an (geo)zentrescher Breet ënnerscheet ginn, mä als Koordinatenangab geet eng Breet, déi op d'mëttel Moundkugel bezunn ass, duer.
Kuckt och [änneren]
- Selenographie, Selenodesie, Moundrécksäit
- ellipsoidesch Koordinaten an der Planetologie
- areografesch Koordinaten op dem Planéit Mars