Selenographie
D'Selenographie, och Moundkartéierung, ass den Analogon vun der Geographie vum Äerdmound. D'Wuert ass aus de griichesche Begrëffer fir Mound, Selene) an zeechnen (grapheïn‚ zeechnen, schreiwen) zesummegesat.
Dogéint gëtt d'Vermiessung vum Mound a sengem Schwéierfeld – analog zu der Geodesie – als Selenodesie bezeechent.
Inhaltsverzeechnes |
Breede- a Längegrade[änneren]
D'Kartéierung vu Moundstrukturen erfollegt meeschtens am Koordinatesystem selenographesch Breede a Längte, déi analog zu der geographescher Breet a Längt op der Äerd definéiert sinn: D'Koordinatenachs verleeft duerch déi béid Rotatiounspole vum Mound, ëm déi sech dem Äerdtrabant a 27,3 Deeg dréit an dobäi der Äerd ëmmer déiselwecht Säit zouweist. Senkrecht zu der Dréiachs verleeft duerch de Moundzentrum d'Equatorgläiche, a parallel zum Moundequator d'selenografesch Breedegrade. Si sinn Kreeser, déi zu de Polen hin ëmmer méi kleng ginn. Duerch béid Pole verlafen senkrecht zum Equator d'Meridianen, Grousskreesser vu gläicher selenografescher Längt. De Nullmeridian orientéiert sech dobäi an der mëttlerer Richtung zu der Äerd. Mir gesinn also de Schnëttpunkt vum Moundequator a Nullmeridian ongeféier an der Mëtt vum Mound am Sinus Medii – bis op e puer Grad Ofwäichung, déi sougenannten Libratioun.
No der astronautescher Orientéierung ass op dem Mound Osten déi Richtung, an där fir en Observateur op dem Mound (Astronaut) d'Sonn opgeet. Mat zouhuelendem Mound wandert déi beliichte Säi lues vu riets (Osten) no lénks (Westen) iwwert d'Moundscheif.
- Hiweis: Op ale Kaarte sinn Ost- a Westorientéierung géigeniwwer haiteger Kaarte verdréit, well de Mound fréier mat ëmkéirenden Teleskopen observéiert gouf an een hie no der astronomescher Orientéierung (West- an Ostrichtung um Himmel) kartéiert hat.
Mondkaarten[änneren]
Klassesch Moundkaarte sinn nëmme bedingt mat Landkaarte vun der Äerd ze vergläichen. Si weisen den Äerdmound aus grousser Distanz a jener Perspektiv, wéi een hie vun der Äerd aus am Teleskop gesäit: als gro-giel Kugel mat donkle „Mieren“ an hellen Kraterflächen. D'Gebidder um Moundrand erschéngen dobäi wéinst der sträifenden Siichtlinn a radialer Richtung staark verkierzt. Dës Projektioun gëtt och orthographesch Azimutalprojektioun genannt. Opgrond der staarker Verzerrunge um Rand sinn Landkaarte (vun der Äerd) mat dëser Eegeschaft rar, mä bei Mound- a Planéitekaarte wënscht den Observateur meeschtens en ähnlechen Androck wéi um Teleskop.
Nei, fotografesch Moundkaarte si meeschtens aus ville Fotoe zesummegesate „Fotomosaiken“. Beliichtungseffekter gi mat Bildbeaarbechtung verbessert an et gëtt dorop geuecht, datt d'Richtung vum Schiet bei alle Reliefstrukturen dselwecht ass. Duerch den Asaz vu Raumsonden ass och d'Kartéierung vun der Moundrécksäit méiglech ginn.
Déi éischt teleskopesch Moundskizz staamt vum Galilei 1610. Relativ genee Moundkaarten hunn de Francesco Maria Grimaldi an de Giovanni Riccioli 1651 gezeechent. Si hu schonns Bezeechnunge vu Krater an aner Formatiounen enthalen, déi vu spéidere Selenographen iwwerholl goufen. 1662 huet de Geminiano Montanari fir d'éischt e Mikrometer fir genee Miessunge vu Moundkrater benotzt. Eng zimlech genee Moundkaart huet de Giovanni Domenico Cassini am Joer 1680 erausginn.
Detailräich Kaarte stamen och vum Johannes Hevelius a vum Tobias Mayer (1723–62)..
Äerdmoundatlanten[änneren]
E Moundatlas ass – an Analogie zu engem Atlas vun der Äerduewerfläch – eng systematesch ugeluete kartographesch Dokumentatioun vun der Uewerfläch vum Mound a Buchform.
Déi éischt gezeechent Moundatlanten stamen aus dem 18. Joerhonnert (Selenographie vum Hieronymus Schröter an aner). Wilhelm Beer an de Johann Heinrich Mädler hunn 1837 den éischte Moundatlas eraus ginn, deen déi siichtbar Moundhalschent ëmfaasst hat. 1878 publizéiert de Johann Friedrich Julius Schmidt déi genaueste Moundkaart vum 19. Joerhonnert op Basis vun den Aarbechten vum Geodät Wilhelm Lohrmann. Si hat en Duerchmiesser vun 1,95 m an et waren 33.000 Krater agezeechent. Un engem 3,5 m grousse Kaartebild (1:1 Millioun) hat de Philipp Fauth vu 1884 bis 1940 geschafft an hat 1936 Deeler dovun publizéiert. Awer schonn ëm 1880 hat d'fotografesch Kaartéierung sech duerchgesat an 1894 hiren éischten Héichpunkt am Paräisser Systematesche Moundatlas (Loewy & Puiseux) erreecht. Hien ëmfaasst 24 Puer groussformateg Fotoen– all Kéier am Owend- a Moiesliicht, fir de Schiet vun de Krateren a béide Richtungen duerzestellen. Spéider publizéiert de Mount-Wilson-Observatoire ee nach méi geneeën Atlas.
Schonns fir Raumfaartzwecker hat de Gerard Kuiper 1960 an den USA e fotografesche Moundatlas publizéiert. Am Atlas waren 280 Fotoen vum Lick-, McDonald- a Yerkes-Observatoire souwéi vum Mt. Wilson a Pic du Midi zesummegestallt. Während den éischten Atlas vun der Moundrécksäit am Joer 1961 ënnert dem Titel Atlas of the other side of the moon eraus koum, sollt dem Kuiper säi Wierk zu enger Schichtekaart am Moossstaf 1:1 Millioun (entspriechend 3,5 m Duerchmiesser) iwweraarbecht ginn, d. h. mat der Opléisung vun e puer 100 Meter. Kuerz drop ass ugefaange ginn d'Kartéierung duerch déi fënnef Moundsonden vun der Serie Lunar Orbiter vu 1966 bis 1968, déi elo och d'Moundrécksäit ëmfaasst huet. Weider Moundorbiter den doropfolgende Joerzéngte hunn d'Moundkartographie nach weider verbessert, v. a. d'Clementine- an d'Lunar Prospector-Missioune vun de 1990er-Joer. Regional huet een do schonns Eenzelheete vun de Moundstrukture am Meterberäich kannt.
E puer Beispiller vun neien Atlanten sinn:
- John E. Westfall: Atlas of the lunar terminator. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2001, ISBN 0-521-59002-7
- Siew Meng Chong (et al.): Photographic atlas of the moon. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2002, ISBN 0-521-81392-1
- Ben Bussey, Paul Spudis: The Clementine atlas of the moon. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2003, ISBN 0-521-81528-2
- Antonin Rükl: Atlas of the moon. Sky Publ. Corp., Cambridge 2007, ISBN 1-931559-07-4
Kuckt och[änneren]
Literatur[änneren]
- Ewen A. Whitaker: Mapping and naming the Moon – a history of lunar cartography and nomenclature. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2000, ISBN 0-521-62248-4
- Peter van der Krogt: Das «Plenilunium» des Michael Florent van Langren. Die erste Mondkarte mit Namenseinträgen. In: Cartographica Helvetica Heft 11 (1995) S. 44–49 Volltext
- Klaus Bartels: Vom Mondgesicht zur Mondkarte. In: Cartographica Helvetica Heft 5 (1992) S. 11–16 Volltext
Kuckt och[änneren]
Um Spaweck[änneren]
| Wiktionnaire: Selenographie – Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen |
| Commons: Moundkaarten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Daten zur Mondbeobachtung - Berechnung der Colongitude
- Lunar and Planetary Institute
- Manfred Holl: Geschichte der Mondkarten. Webbook
Atlanten: