Self-service
Self-service ass e Konzept am Handel, bei deem de Client sech selwer zervéiert, an deems en sech di ugebuede Wueren oder Servicer eraussicht an da bezillt.
Déi gängegst Aart vu Self-service ass déi a Supermarchéen oder och soss Geschäfter; et ginn awer och Self-service-Restauranten oder Cafeteriaen.
Och bei Automaten, bei deenen ee Gedrénks, Iessen oder soss Wueren eraussichen a kafe kann, schwätzt ee vu Self-service. Self-service-Automate ginn et och fir Déngschtleeschtungen, wéi z. B. fir Ticketen fir den Transport, oder z. B., fir Saachen auszeléinen, wéi z. B. Vëloen.
De Virdeel vum Self-service (fir de Verkeefer) ass, datt e manner oder kee Personal brauch, fir ze verkafen, an de Client sech no sengem eegene Rhythmus a Goût Saachen eraussiche kann, wat d'Geleeënheet zu Impulsivkeef erhéicht.