Seljalandsfoss

Vu Wikipedia
Seljalandsfoss

De Seljalandsfoss ass e Waasserfall am Süde vun Island, nieft der N1 do wou d'N249 dropstéisst, tëscht Hvolsvöllur a Skógar. De Floss Seljalandsá fält do 66 m déif erof. Wéi och de Skógafoss (an anerer) läit de Seljalandsfoss ënner dem grousse Gletscherschëld vum Eyjafjallajökull.

Et kann een hanner de Seljalandsfoss goen a vun do duerch de Waasserrideau erauskucken.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Seljalandsfoss – Biller, Videoen oder Audiodateien